Op den Inhalt sprangen

Kierch Tënten

Vu Wikipedia
Kierch Tënten
Kierch vun Tënten

Kierch vun Tënten
Kierch vun Tënten
Uertschaft / Plaz Tënten
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Péitrus & Paulus
Architekt(en) Antoine Hartmann
Baujoer 1881
Koordinaten 49° 43’ 04,4’’ N
      06° 00’ 33.8’’ O
Kierchen - Kapellen
Den Agank vun der Kierch mat der bemierkenswäerter Platan
D'Kierch vun der Haaptstrooss (N12) aus gesinn

D'Kierch zu Tënten ass eng kathoulesch Kierch, déi fréier zur Par Tënten gehéiert huet an zanter dem 7. Mee 2017 zur neier Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par St. Péiter a St. Paul Téinten, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der rue de l'Église mat der rue de Brouch, dem CR112.

Si ass den 29. Mee 2009 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ginn.[1]

Am Joer 1881 gouf mam Bau vun enger neier Kierch zu Téinten ugefaangen. Si sollt, sou wéi dat vum kanonesche Gesetz virgeschriwwen ass, op der selwechter Plaz stoe wéi déi al Kierch, déi wuel scho virun 1000 Joer do stoung. Déi al Kierch, vun där den Tuerm bei der neier Kierch iwwerholl gouf, war dem hellege Péitrus geweit, wärend déi nei, haiteg Kierch den hellege Péitrus a Paulus geweit ass. Hir Statue sti lénks, respektiv riets vum Chouer, si stamen aus dem Klouschter Mariendall.

Déi haiteg Parkierch gouf 1885 no de Pläng vum Architekt Antoine Hartmann gebaut. Den Tuerm ass vun der aler Kierch (1702).

Iwwer dem Portal steet: Domus Dei & Porta Coeli (d'Haus vu Gott an d'Paart vum Himmel). Driwwer sti Statue vum Péitrus a vum Paulus, Facsimile vun den Alabasterfiguren, déi aus dem Klouschter Mariendall stamen an an der Kierch ze gesi sinn.

Riets nieft dem Portal steet e Grafsteen fir de Paschtouer Sebastian Rollinger, deen 1808 gestuerwen ass.

Den Haaptaltor

[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch intressant ass de wäertvollen Haaptaltor, deen am Joer 1701 vum Sculpteur Jan van der Steen vu Mechelen (1633-1725) geschaf gouf. E war eigentlech ee vu véier Säitenaltär aus der fréierer Dominikanerinnekierch aus dem Mariendall (Par Tënten), a koum 1783 an d'Parkierch vun Tënten. Den Haaptaltor mat der Uergel koum op Jonglënster, déi 2 grouss Säitenaltär (mat der Peter von Mailand-Veréierung) op Steesel, den drëtte Säitenaltor koum an de Stadgronn, wou haut d'Schwaarz Noutmuttergottes veréiert gëtt, an de véierte mat der Pietà op Tënten.

Den Zelebratiounsaltor gouf de 24. Oktober 2008 vum Äerzbëschof Fernand Franck konsekréiert. Dësen Altor gouf op Initiativ vum Paschtouer Joël Santer ugeschaf. Den Altor selwer staamt aus der Filialkierch vu Rolleng (Miersch), wou en duerch en hëlzenen Altor ersat gouf. De stengen Altor integréiert sech harmonesch an de Chouerraum, dee vum wäertvollen Haaptaltor mat der Pietà dominéiert gëtt.

Bei den Zelebratiounsaltor koum 2012 en neien hëlze polychroméierten Ambo, soudatt en zu den Altär passt, an de liturgesche Miwwel komplett ass.

D'Pieta um Haaptaltor

[änneren | Quelltext änneren]

D'Pieta ass aus Alabaster an dréit um Sockel d'Joerzuel 1612, de Wope vum Sebastian von Tynner, Här vun Huelmes an dee vu senger Fra Maria von Hohenstein, déi der Par déi Figuregrupp geschenkt haten.

Am Tuerm vun der Tëntener Kierch hänken zwou Klacke mat der Schlagsispositioun ges' (fa#3) a b' (la#3).

Vir riets ass am Chouer eng Säitekapell als Grofekapell ugebaut. Do fënnt ee verschidde Grafmonumenter aus der Herrschaft Aansebuerg.

D'Grafmonument fir den Thomas II

Dat Monument fir den Thomas II. a seng Fra, d'Anne Marie de Neuforge war vun hirem Jong, dem Grof Lambert Joseph, bestallt ginn a gouf tëscht 1734 a 1744 gemaach. Et ass e Wierk vum Renier Panhay de Rendeux.

Am Sockel, deen aus schwaarzem Marber ass, gouf e wäisse Relief agesat, op deem sech zwee Skeletter, déi sëtzen, ëmäerbelen.

Op dem Opsaz, deen engem Sarkophag gläicht, an aus wäissem, groem a roudem Marber ass, stinn dräi Putten, déi de Glawen, d'Léift an d'Hoffnung duerstellen. D'Figur an der Mëtt stäipt sech op eng Bibel an denkt iwwer de Glawen no; déi op de lénkser Säit huet an hirer rietser Hand e Geldbeidel a mat hirer lénkser heescht se, deen drëtte Putt faalt d'Hänn a riicht de Bléck an d'Luucht.

D'Erënnerungsplack fir d'Anna Maria de Neuforge

D'Erënnerungsplack un d'Anna Maria de Neuforge, op där kee Wopen agravéiert ass, ass, vun der Form hier gesinn, eng Kopie vun där fir de Grof Thomas, déi baussent dem Portal hänkt.

Grafmonument vun der Gräfin Anna Katharina

De Grof Lambert vu Marchant a vun Aansebuerg a seng Fra d'Gräfin Anna Katharina vu Vellbrück[sic] waren déi éischt Ansebuerger Grofen déi an der Kierch vun Tënten begruewe goufen.

Der Gräfin Anna Katharina hiert Grafmonument ass nieft dem Wope vun de Räichsgrofen, follgendermoosse beschrëft:

"Hic jacet illustrissima ac nobillissima Domina D. Anna-Catharina sacri Romani Imperii Comitissa de Marchant et Ansemburg, Toparcha in Ansemburg, Körich, Siebenborn, Uselding, Ell, Kahler, Berelding, Vance, Olm etc., ex antiquissima familia comitum de Vellbrück in Caroth orta. Obiit 12. maij 1760. R.I.P."

Hire Mann, de Grof krut keen eegent Grafmonument, mä eng Plack op senger Fra hirem mat der Beschrëftung:

"Eoque tumulo quiescit Lambert-Joseph S.R.I. comes, eius conjux, in iisdem locis Toparcha, defunctus 23. may 1768"

D'Grofefënster

[änneren | Quelltext änneren]

An der Grofefënster ass de verstuerwene Grof Amaury a seng Fra Augusta d'Anethan, d'Ururgrousseltere vum momentane Grof Gaston vun Aansebuerg ofgebilt.

Bemierkenswäert Platan

[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Agank vun der Kierch steet eng Platan, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Platan zu Tënten.

Commons: Kierch Tënten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).