Op den Inhalt sprangen

Amaury vu Marchant an Aansebuerg (1849)

Vu Wikipedia
Amaury vu Marchant an Aansebuerg
Gebuer 16. August 1849
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Gestuerwen 8. Abrëll 1926
Bréissel
Alter 76 Joer
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Politiker
Fonctioun Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Bestuet mat Augusta d'Anethan
Papp Guillaume vu Marchant an Aansebuerg
Mamm Baronne Juliette de Bagenrieux de Lanquesaint
Kanner Victor vu Marchant an Aansebuerg, Gaston vu Marchant an Aansebuerg

De Grof Amaury-Jules-Victor-Marie vu Marchant an Aansebuerg, gebuer de 16. August 1849 zu Sint-Josse-ten-Noode, a gestuerwen den 8. Abrëll 1926 zu Bréissel, war e belsch-lëtzebuergeschen Diplomat a Schlasshär zu Aansebuerg. De Grof Amaury krut duerch e Gesetz vum 1. Mäerz 1882 d'lëtzebuergesch Nationalitéit[1].

Hie war de Jong vum Grof Guillaume a senger Fra, der Baronne Juliette de Bagenrieux de Lanquesaintourg, an hie gouf den 18. Januar 1882 zu Schaerbeek mat der Baronne Augusta d'Anethan (1863-1951), der Duechter vum Barong Auguste d'Anethan an der Isabelle Mosselman du Chenoy, bestuet[Quell?].

Nodeems hien en Droitsstudium zu Stroossbuerg an zu Nanzeg gemaach hat, koum hien an den diplomateschen Déngscht vun der Belsch, a seng éischt Plaz war an der belscher Ambassade zu Berlin, wou déi Zäit de Jean-Baptiste Nothomb Ambasadeur war. Duerno war hien nach e Strapp zu Lissabon, an huet dunn en onbegrenzte Congé ugefrot, well hie wollt op Lëtzebuerg goen, wou d'Famill hie gebraucht huet. 1877 huet hien dunn dem belschen diplomateschen Déngscht definitiv Äddi gesot an hie krut den Titel Attaché de légation honoraire[2]

Vun 1884 bis 1889 war hien Deputéierten an der Chamber[3].

  • de Grof René (1883-1953)
  • d'Gräfin Juliette vu Marchant an Aansebuerg (1884-1971)
  • d'Gräfin Héléne vu Marchant an Aansebuerg (1885-1941)
  • d'Gräfin Gabrielle vu Marchant an Aansebuerg (1887-1979)
  • de Grof Gaston (1891-1957)
  • de Grof Pol (1892-1893)
  • d'Gräfin Jeanne vu Marchant an Aansebuerg (1894-1895)
  • de Grof Raymond (1897-1959)
  • de Grof Victor (1898-1980)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Loi du 1er mars 1882, qui accorde... etc
  2. ↑ Biographie nationale publiée par l'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux art de Belgique
  3. ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.