Op den Inhalt sprangen

Guerlange

Vu Wikipedia
Guerlange
lb: Gierleng
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Éibeng
Koordinaten 49° 34’ 54’’ N
      05° 51’ 18’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6790

Guerlange ((lb) Gierleng) ass eng kleng Uertschaft an der Gemeng Éibeng, (Provënz Lëtzebuerg) op der Grenz mat Lëtzebuerg. Et ass eng Nopeschuertschaft vun der Gemeng Käerjeng.

Gierleng läit op enger Héicht vu ronn 320 Meter. Déi héchst Plaz ass op 388 m, am Bësch mat dem Numm Belleshecken op der Grenz mat Lëtzebuerg, an déi déifst ass an de Griechten, déi op Laser ((fr) Longeau) ginn, op 290 Meter.

Gierleng war bis virun 20 Joer[Wéini ?] e klengt Bauerennascht, wat sech lues a lues zu enger Residenz fir d'Grenzgänger entwéckelt huet. 1997 gouf et zu Gierleng nach just zwéi Bauerebetriber.

Duerch Gierleng lafen zwou Baachen. Déi éischt ass d'Odebaach, déi hir Quell am Oste vu Gierleng huet, net wäit vum Jufferbusch, an duerch d'Uertschaft leeft. Déi aner entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Bächelcher, déi aus de Griechte vun der Holzstrooss, nieft de Mierkaulen, um Territoire vun der Gemeng Kënzeg kommen a kuerz virum Néidlengerhaff zesummelafen. Allebéid lafe s'an d'Miezegerbaach fir mat där weider zu Attem ((fr) Athus) an d'Kuer ze lafen.

Un de Verkéier ass Gierleng ugeschloss iwwer zwou méi grouss Stroossen déi op Laser ginn, e bessere Feldwee mécht d'Verbindung mat Kënzeg an en anere féiert duerch d'Griecht vum Néidlengerhaff op eng Strooss, déi vun do aus och nach eng Kéier no Osten iwwer d'Holzstrooss op Kënzeg féiert, an no Westen op eng Kräizung, wou et nees eng Kéier no Westen op Laser, no Nordosten op Séilen an no Nordwesten duerch d'Miezegerhiel op Miezeg geet.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Gierleng zu der Gemeng Miezeg ((fr) Messancy) gehéiert.

Et ass bekannt datt ëm 800 eng hëlze Kierch zu Gierleng stoung.

Déi éischt stenge Kierch gouf 1337 am gotesche Stil gebaut. Dës Kierch gouf 1544 vun de Fransousen deelweis zerstéiert, awer 1560 restauréiert. Si gouf 1858 ofgerappt an duerch déi haiteg Kierch ersat.

Häre vu Gierleng an den Néidlengerhaff

[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Här vu Gierleng, iwwer deen eppes Schrëftleches gewosst ass, war den Thilman de Guerlange, deen 1294 ernimmt gëtt.

Duerno gëtt 1326 d'Famill de Noedelange ernimmt, där hire Besëtz, den haitegen Néidlengerhaff, un Famill d'Outscheid geet.

Een dee méi vu sech schwätze gedoen hat, war den Henri Charles de Bessay, haut nach am Volleksmond bekannt ënner dem Numm Junker Dietz (1705-1776). No engem Prozess 1754 gouf eng Partie vu senger Proprietéit versteet. De Prozess ass an Erënnerung bliwwen ënner dem Numm Procès des criées. Schliisslech gouf de ganze Besëtz mat dem Haff 1794 verkaaft well d'Famill de Bessay komplett ruinéiert war.

Den Haff gouf 1804 vum François-Sébastien de Tinant kaaft, an duerno vun den de Marches vu Guirsch am Joer 1843. Fir d'lescht gouf d'Haffschlass am Joer 1958 un d'Famill Maire-Meisch verkaaft.

Datt et eng Millen zu Gierleng gouf ass nëmmen nach unhand vum Flouernumm Mühlenpesch, deen am Kadaster vun 1821 opgefouert ass, an aus verschiddenen Dokumenter, déi op eng Presenz vun enger Mille südwestlech vum Néidlengerhaff hiweisen[1],[2],[3],[4].

Eng Strooss zu Gierleng mam Numm Le Pas-de-Loup, op Lëtzebuergesch an der Wollefsheck, erënnert drun datt do ee Wollefswiessel war. Déi lescht dräi Wëllef aus der Géigend goufen 1843 zu Gierleng gefaangen.

De Kues oder och nach um Kues ass eng Plaz am Bësch Belleshecken wou eng Klaus stoung a wou haut nach eng Kapell steet, mat der Muttergottesstatu « Notre-Dame du Chêne ». Vu Kënzeg a vu Gierleng aus ass all Joer eng Pressioun dohi gaangen.

Gierleng vun der Holzstrooss aus gesinn, hanne riets am Bild de Rodenbusch, a lénks de Juffernbusch.
Commons: Guerlange – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Éibeng

Sektiounen: AttemÉibengHueldangRéiseg
Uertschaften: Esch-op-der-Huurt · Beetem · Gierleng

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Comptes seigneuraux vu 1602
  2. Comptes des de Reiffenberg vu 1672
  3. Comptes de Hans Diderich de Lontzen vu 1635
  4. Aveu de dénombrement vu 1759