Kierch Branebuerg

Vu Wikipedia
Kierch vu Branebuerg
Parkierch vu Branebuerg (2014)

Parkierch vu Branebuerg (2014)
Parkierch vu Branebuerg (2014)
Uertschaft / Plaz Branebuerg
Par Par Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Hl. Paulus
Baujoer 1790
Koordinaten 49° 54’ 41.8’’ N
      06° 08’ 10.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Branebuerg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss, dem CR353. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Branebuerg hunn ausser der Parkierch vu Branebuerg och nach d'Filialkierch vu Laaschent an d'Muttergottes-Kapell vu Branebuerg gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Branebuerg gouf 1350 fir d'éischte Kéier schrëftlech ernimmt wéi de Sëtz vun der Par ënner dem Paschtouer Nikolaus vu Branebuerg vu Laaschent op Branebuerg verluecht gouf. D'Ursaach dofir ass net genee bekannt. Eventuell huet déi kierzer Distanz vun der Buerg Branebuerg bis bei d'Kierch vu Branebuerg eng Roll gespillt. Zur fréierer Par Branebuerg huet deemools ausser Laaschent och nach Grooljen, Houschent, Mierschent, Nuechtmanescht a Weiler gehéiert.

An engem Visitationsrapport vu 1570 goufen zousätzlech och nach d'Uertschafte Schlënnermanescht an Uewer- an Ënnerschlënner zu Par Branebuerg gerechent. D'Par huet deemools zum Dekanat Miersch gehéiert an ee vun de Paschtéier vu Branebuerg, de Philipp Garians, war gläichzäiteg och Dechen zu Miersch (1675-1706). D'Parkierch, déi ursprénglech dem hellege Péitrus geweit war, gouf elo den hellege Péitrus a Paulus geweit.

1804, wéi d'Paren ënner dem Napoleon nei opgedeelt goufen, gouf fir d'éischt Schlënnermanescht ofgespléckt. Véier Joer méi spéit goufen och d'Uertschafte Grooljen, Nuechtmanescht, Mierschent a Weiler ofgespléckt an an der Par Mierschent zesummegefaasst. E bëssche méi spéit gouf och nach Houschent ofgespléckt. An der Par Branebuerg ass nëmme Laaschent verbliwwen. Am Joer 2005 gouf an der Par Branebuerg de 650. Parjubiläum gefeiert.

Déi haiteg Parkierch gouf 1790 ënner dem Paschtouer Schwab gebaut. Verschidden Deeler aus dem Chouer (17. Joerhonnert) stamen aus dem Märjendaller Klouschter.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel an der Kierch gouf 1992 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder gebaut an ass um Duxall opgeriicht. Ageweit gouf se den 19. Juli 1992. D'Uergel huet ee Manual.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).