Kierch Laaschent

Vu Wikipedia
Kierch vu Laaschent
Filialkierch vu Laaschent (2014)

Filialkierch vu Laaschent (2014)
Filialkierch vu Laaschent (2014)
Uertschaft / Plaz Laaschent
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Koordinaten 49° 55’ 25.5’’ N
      06° 07’ 43.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Laaschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert. Den zweete Patréiner vun der Kierch ass den hellege Vältes (Valentin), deem säi Fest de 14. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss, dem CR352. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Branebuerg gehéieren ausser der Filialkierch vu Laaschent och nach d'Parkierch vu Branebuerg an d'Kapell vu Branebuerg.

Virun der Kierch stinn d'Willibrorduslannen, zwou Lannen, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gerechent ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1350 war Laaschent Sëtz vun enger grousse Par, zu där Branebuerg, Grooljen, Houschent, Mierschent, Nuechtmanescht a Weiler gehéiert hunn. 1350 gouf de Sëtz vun der Par ënner dem Paschtouer Nikolaus vu Branebuerg op Branebuerg verluecht. D'Ursaach dofir ass net genee bekannt. Eventuell huet déi kierzer Distanz vun der Buerg Branebuerg bis bei d'Kierch vu Branebuerg eng Roll gespillt. Deemools war d'Kierch vu Laaschent dem hellege Péitrus geweit.

Déi haiteg Kierch staamt aus dem 17. Joerhonnert.

Uergelpositiv[änneren | Quelltext änneren]

Fir den alen Harmonium z'ersetzen, hate sech de Gesankveräin Branebuerg-Laaschent an eng Rei Laaschter Lett zu enger Aarbechtsgrupp En Uergelpositiv fir an d'Laaschter Kierch zesummegedoen. Si ware schonn eng gutt Zäitchen hannendru fir Suen ze sammelen, fir hiren "Dram" ze realiséieren.

Den 11. Februar 2007 gouf deen neien Uergelpositiv aus der Lëntgener Uergelmanufaktur ageweit.

D'Instrument huet d'Tounlag C - d''' an eng zweestufeg Transpositioun 415 - 440 Hz.

Regëster:

  • Gedeckt 8', Fiichten an Eechen, vun c' un, 40 % Zënn
  • Flütt 4', Fiichten an Eechen, vun E un, 40 % Zënn
  • Flütt 2', C - f gedeckt, de Rescht op

De Präis war 39.003 €.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Laaschent huet 3 Klacken am Tuerm hänken, am Schlagtoun La (a'), La Dièze (as') a Fa (f').

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Laaschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).