Thiébaut I. vu Bar

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Den Thiébaut de Bar (de: Theobald von Bar), vun deem net genee gewosst ass, wéini datt e gebuer gouf [hie war ongeféier drësseg Joer méi al war wéi seng Fra Ermesinde (1186-1247)], war Grof vu Bar-Mousson an, duerch säi Bestiednes (an der zweeter Hallschent vun 1197 oder an der éischter vun 1198), och Grof vu Lëtzebuerg. Hien ass 1214 gestuerwen, wéi d'Ermesinde nëmme 27 Joer al war.

D'Bedaitung vum Thiébaut, dee fréi grouss Ambitiounen am nërdleche Meuse-Raum hat, besonnesch an der Grofschaft Namouer, vun där der Ermesinde hire Papp, den Heng de Blannen (+ 1196), selwer Grof gewiescht war, leit doranner, 1° datt en d'Grofschafte La Roche an Durbuy, souwéi och Gebidder vun der Grofschaft Namouer, déi ëstlech vun der Meuse louchen (= déi zukënfteg Probstei Poilvache), un d'Grofschaft Lëtzebuerg konnt uglidderen, 2° datt en der Ermesinde d'Landgutt Marville bruecht huet an 3° datt en duerch seng staark franséisch geprägt Bildung (woubäi säin Herrschaftsgebitt haaptsächlech am Räich loug) dozou bäigedroen huet, datt westlech-romanesch Regierungsgewunnechten an Zivilisatiounselementer zu Lëtzebuerg agefouert goufen.

Den Thiébaut de Bar an d'Ermesinde hate véier Kanner zesummen: de Renaud, d'Élisabeth-Isabelle, eng zweet Duechter an e véiert Kand. 1215 war nëmmen d'Élisabeth nach lieweg.



Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Goedert, La formation territoriale du pays de Luxembourg depuis les origines jusqu'au milieu du XVe siècle; Lëtzebuerg (Archives de l'État), 1963; 178 S. + 38 Annexen. - Vgl. besonnesch d'Ss. 56-70!
  • Michel Margue (ënner der Leedung vum), Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg - Études sur la femme, le pouvoir et la ville au XIIIe siècle; eng Publicatioun vum Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg a gläichzäiteg de Bd. 7 vun de 'Publications du CLUDEM'; Lëtzebuerg, 1994; 327 Säiten; ISBN 2-919979-04-3
  • Michel Pauly, Geschichte Luxemburgs; München (C.H. Beck, 'Wissen'-Täschebuch), 2011; 128 Säiten; ISBN 978-3-406-62225-0; Ss. 30-31.