Gilles Genot
| Gilles Genot | |
|---|---|
| Gebuer | 1991 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Historiker, Auteur |
|
| |
De Gilles Genot, gebuer 1991, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Conservateur.
De Gilles Genot huet zu Lëtzebuerg, Sheffield (University of Sheffield) a Paräis (École pratique des hautes études) mëttelalterlech Geschicht studéiert. Seng Masteraarbecht iwwer Lëtzebuerg an de 1440er a 1450er Jore gouf mam George Richard Potter Präis ausgezeechent (2014). 2019 huet hie seng Dokterthees iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg am 15. a 16. Joerhonnert verdeedegt.[1]
Vun 2019 bis 2024 war de Gilles Genot Conservateur am Lëtzebuerg City Museum. Zesumme mam Robert L. Philippart huet hien de Lëtzebuerger UNESCO Visitor Center kuratéiert. 2020 huet hien een Opruff lancéiert, fir Objeten aus der Coronazäit zu Lëtzebuerg ze sammelen.[2]
Zanter 2024 ass de Gilles Genot Conservateur vun de groussherzogleche Sammlungen.[3]
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Continuité dynastique et conscience historique dans le duché de Luxembourg. La chronique de Nicolas de Naves (1521), Hémecht 68 (2016), p. 5-62
- Genot, Gilles. “Das Museum als Zeugnis der Stadtgeschichte.” N.p., 2019. Print.
- Ascension sociale dans le duché de Luxembourg : possibilités, ambitions et limites. Le cas des Busleyden (fin XVe-XVIe siècles), Hémecht (2019), p. 149-212
- Genot, Gilles. “Luxemburg in der UNESCO : die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950).” N.p., 2019. Print.
- La voix du peuple ? Vote et élection avant la démocratie à travers le cas du Luxembourg au Moyen Âge et dans la première modernité, Claude Frieseisen, Régis Moes, Michel Polfer et Renée Wagener (éds.), #Wielewatmirsinn. 100 Joer allgemengt Wahlrecht, Luxembourg, 2019, p. 22-37 [mam Michel Margue, Eloise Adde a Christa Birkel], ISBN 978-2-87985-629-2, ISBN 978-88-366-4382-0, ISBN 978-2-87985-929-2
- Genot, Gilles, Sociabilité au Luxembourg = Geselligkeit in Luxemburg. Luxembourg: Lëtzebuerg City Museum, 2023. Print. ISBN 978-2-919878-26-0
- Genot, Gilles, Bruns, André (ed.): Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753. Lëtzebuerg City Museum, 2022. ISBN 978-2-919878-19-2 (Katalog, Publications du Lëtzebuerg City Museum, 1)
- Genot, Gilles, Barbara Cassin (ed.): Babl heureuse? Plus d'une langue Lëtzebuerg City Museum, 2024 (Katalog, Publications du Lëtzebuerg City Museum, 4)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Säit vum Geschichtsinstitut vun der Universitéit Lëtzebuerg
- ↑ Andrà tutto bene D'Lëtzebuerger Land, 22.05.2020
- ↑ https://www.wort.lu/luxemburg/spurensuche-warum-diesmal-tatsaechlich-der-thron-gewechselt-wurde/94679774.html Spurensuche: Warum diesmal tatsächlich der Thron gewechselt wurde], 4.10.2025
