Vicus Ricciacus
Vue iwwer d'Ausgruewungsplaz | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Duelem |
Koordinaten | 49°32'17"N, 6°15'21"O |
De Ricciacum (och Vicus Ricciacus) zu Duelem ass eng archeologesch Plaz a fréier galloréimesch Siidlung (Vicus) an der Provënz Gallia Belgica. Se war als Relais routier op der Via Agrippa ëm 17 v. Chr. gegrënnt ginn. No enger laanger Wuelstandsphas ass d'Uertschaft an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert e puermol vun de Germanen ugegraff an deelweis zerstéiert ginn. Bis am Ufank vum 5. Joerhonnert war d'Siidlung awer duerchgängeg bewunnt a gouf eréischt duerno opginn.
De Ricciacum beandrockt wéinst senge groussen ëffentleche Gebaier, déi der Uertschaft d'Ausgesi vun enger réimescher Klengstad ginn. Dozou zielen e galloréimeschen Theater, e groussen Tempelbezierk an ëffentlech Thermen.
Lag
[änneren | Quelltext änneren]Déi réimesch Siidlung Ricciacum läit um Terrain vun der Gemeng Duelem am Kanton Réimech. A réimescher Zäit huet de Vicus zum Stammgebitt vun den Treverer, der Civitas Treverorum an der Provënz Gallia Belgica gehéiert.
Den Haaptdeel vum Vicus louch lénks a riets laanscht de Kiem, deen no sengem Planger Marcus Vipsanius Agrippa benannt gouf, an dee vu Lyon iwwer Mâcon, Chalon-sur-Saône, Dijon, Langres, Toul, Metz, Duelem, Tréier duerch d'Äifel bis op Köln grfouert huet.
Vun Diddenuewen u bis op Duelem ass de Kiem op ongeféier 22 km praktesch schnouerriicht, an op ville Plazen nach um Terrain nozevollzéien, wéi z. B. südlech vun Duelem um CR155 an da vun deem fort um Feldwee, dee bis bei de Steebrocch féiert, wou en da verluer geet. Vun der franséisch- lëtzebuergescher Grenz un (Maark 207) mécht e bis op Diddenuewen dacks eng riicht Grenz tëscht de Gemengen, ausser Boust wou e queesch duerch d'Gemeng leeft. Zu Duelem gafelt e sech dann: ee Strang leeft no Oste weider bis op Stadbriedemes, kräizt do d'Musel a leeft op hirem rietsen Uwänner viru bis op Tréier; en anere Strang leeft no Norden duerch de Buchholz a Richtung Méideng an trëfft a sengem weidere Verlaf op der Héicht vu Fluessweiler op de Kiem, dee vu Reims iwwer Arel, Mamer, Nidderaanwen an Igel op Tréier féiert. De Museliwwergang vun där Strooss war zu Tréier iwwer d'Réimerbréck.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vill keltesch Fonntstécker weisen, datt d'Plaz schonn an der Spéitlatènezäit bewunnt war. Wéinst der staarker Iwwerbauung aus der Réimerzäit konnt déi keltesch Siidlung awer bis elo nach net genau lokaliséiert ginn.
Trotzdeem schéngt de galloréimesche Vicus eng komplett Neigrënnung ze sinn, déi am Zesummenhang mam Bau vun der Via Agrippa ëm 17 v. Chr. entstanen ass. Dofir schwätzt engersäits seng strateegesch Positioun op enger Stroossekräizung, um Enn vun engem laangen, riichte Streckenofschnëtt, an anerersäits seng Lag op hallwem Wee tëscht den Haaptuertschaften Divodurum Mediomatricorum an Augusta Treverorum. An enger éischter Zäit bestoung de Vicus aus einfache laange rechteckegen Holzhaiser mat gemauerte stengene Kelleren, sougenannte Sträifenhaiser. Deen Haisertyp, deen op béide Säite vun der Strooss läit, ass typesch fir e réimesche Stroossevicus. Seng strateegesch gutt Lag huet dem Vicus Ricciacus scho fréi e gewëssene Wuelstand a Stellewäert abruecht. No dem Batavenopstand 69/70 n. Chr. ass d'Bebauung ëmfaassend restrukturéiert ginn. D'Haaptstrooss gouf vu 7 op 10 m ausgebaut, d'Gebaier sinn no an no komplett aus Stee gebaut ginn an d'Duerf krut mat de groussen ëffentleche Gebaier, wéi dem Theater, dem Tempelberäich an den Thermen, ëmmer méi d'Ausgesi vun enger réimescher Klengstad. Dee massiven Ausbau, wéi och d'Aart vun de Bauwierker, loossen drop schléissen, datt Ricciacum spéitstens vun do un net nëmmen e wichtegen Handelsposten, mä och den Zentrum vun engem Pagus war.
Um Enn vum 2./Ufank vum 3. Joerhonnert, op hirem Héichpunkt, hat d'Siidlung eng Gréisst vum ëm déi 35 ha, mat enger geschater Awunnerzuel vu 1.500 bis 2.000 Leit. Als Stroossestatioun huet de Vicus virun allem vum Verkaf vu Wuere souwéi vun der Verkäschtegung a vum Logéiere vu Reesenden a Pilger gelieft. Trotz den Zerstéierunge wärend de Germanenafäll an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert an deem domat verbonnene Réckgang vun der Bevëlkerung, ass eng duerchgängeg réimesch Besiidlung vun der Uertschaft bis an 5. Joerhonnert nogewisen.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den anticken Numm vun der Uertschaft Ricciacum oder vicus Ricciacus ass direkt aus verschiddene Quellen iwwerliwwert. Engersäits gëtt eng Stroossestatioun mam Numm Ricciaco op der Tabula Peutingeriana, enger mëttelalterlecher Ofschrëft vun enger spéitanticker Kaart vum ganze Réimesche Räich ernimmt. Well déi Statioun awer laanscht eng Strooss op der rietser Muselsäit agedroen ass, gouf si laang Zäit net mat Duelem a Verbindung bruecht[1].
Anerersäits goufe kleng Bläijetonen (tesserae) mat den Opschrëfte RICC a RICCIAC souwéi am Joer 2008 en Altorsteen am Beräich vun den Thermen, op deem d'vicani Riccienses, also d'Awunner vum vicus Riccius, genannt sinn, fonnt. Déi identifizéieren Duelem eendeiteg mat der Stroossestatioun Ricciaco. Déi liicht Ofwandlung vum Numm kéint drop schléisse loossen, datt d'Siidlung ënnert deenen zwéin Nimm, also Ricciacum a Riccium, bekannt war[2] oder et handelt sech eventuell ëm e banale Schreiffeeler. Doriwwer eraus huet sech den anticken Numm bis haut am Flouernumm „a Rëtzeg“ (fréier „Ritzig“), net wäit vun der réimescher Fonntplaz, tradéiert.
Archeologesch Strukturen
[änneren | Quelltext änneren]Vicusbebauung
[änneren | Quelltext änneren]An de Joren 1977 bis 1985 huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht archeologesch Ausgruewungen an engem Quartier laanscht d'Haaptstrooss, am Zentrum vum réimesche Vicus, gemaach. An deem Beräich goufe fir sou Siidlungen typesch Gebaier fonnt: laanggezunne, schmuel Parzelle mat Sträifenhaiser, deenen hir schmuel Säit mat de Geschäfter oder Tavernen zur Strooss hi läit. En iwwerdaachte Porticus erméiglecht e sonnen- a reegeschützten Zougang fir d'Gebaier. Um Ufank vun der Besiidlung waren déi Haiser aus Holz. Just d'Kellere vun den eenzele Gebaier ware schonn aus Stee gebaut. No verschiddenen Ëmbauphasen goufen déi Holzgebaier an der zweeter Hallschent vum 1. Joerhonnert komplett ofgerappt an aus Steen nees nei opgeriicht. D'Fonntstécker déi bei den Ausgruewunge fonnt goufen, beweisen, datt et an deem Beräich vum Vicus vill Handwierksbetriber gouf. D'Atelieren awer och d'Gäert, d'Pëtzer an d'Iewe louchen dobäi am hënneschten Deel vun de laanggezunnene Parzellen. Zu Duelem konnt den hënneschte Parzelleberäich awer bis elo just zu engem klengen Deel ausgegruewe ginn, dofir kann iwwer dee geneeë Gebrauch net vill gesot ginn. Op all Parzell goufen awer Pëtzer ugetraff. Dat ass allerdéngs net verwonnerlech, well si déi eenzeg Waasserversuergung waren[3]. Am 3. Joerhonnert gouf de Vicus bei Germanenafäll ëfters zerstéiert. Dat beweise Brand- an Zerstéierungsschichten, déi sech duerch de ganze Vicus zéien. Ricciacum ass awer och duerno nach weiderhi bewunnt bliwwen an d'Gebaier goufen zum Deel nees renovéiert oder nei opgebaut. Um Ufank vum 4. Joerhonnert gouf d'Stroossegafelung mat engem befestegte Posten, engem Burgus, geséchert. Fir säi Bau goufen déi massiv Sëtzbänken aus dem net méi benotzten Theater geholl.
Tempelen
[änneren | Quelltext änneren]Schonn am 19. Joerhonnert huet de Clere Ernest Dupaix Ausgruewungen am Tempelberäich gemaach. Op den deemools entstanene Pläng ass ënner anerem de Grondrëss vun engem aachteckegen Tempel z'erkennen. Aus de Gruewunge koumen dunn och vill Objeten, déi an d'Sammlung Dupaix agefloss sinn, ënner anerem zwou héichwäerteg bronze Statuen déi haut am Louvre zu Paräis se gesi sinn.
Awer eréischt an de 1970er Joren hu Loftbiller gewisen, datt den aachteckegen Tempel zu engem gréisseren Tempelberäich gehéiert zu deem op d'mannst nach véier weider Kultgebaier gehéieren. Zwee dervu goufen tëscht 1986 an 1998 ausgegruewen. Et si grouss Tempelen, déi an der Zäit ëm 130 n. Chr. entstane sinn a bis an 3. Joerhonnert benotzt goufen. Ënner den zwéi groussen Tempele sinn d'Grondrësser vun zwee méi ale Gebaier erauskomm, bei deenen et sech ëm galloréimesch Ëmgangstempelen handelt, déi wuel allen zwéin an der zweeter Hallschent vum 1. Joerhonnert gebaut goufen.
De groussen Tempelbezierk mat sengen dräi ausgegruewenen Tempele schwätzt dofir, datt Ricciacum e reliéisen Zentrum war. Et ka sech eventuell ëm e Pilgerhellegtum um Kiem gehandelt hunn. Wiem déi Tempelen awer genee geweit waren, kann haut net méi gesot ginn. Déi vill Statuen a Weiunge fir Minerva, Merkur, Jupiter an déi keltesch Schutzgottheet vun de Päerd a Reider Epona schwätzen awer dofir, datt virrangeg déi Gëtter veréiert goufen. Si sinn awer net déi eenzeg Gottheeten déi Spueren zu Duelem hannerlooss hunn. Noweiser vu Fortuna, Ceres, Vesta, Victoria an Nemesis gëtt et och.
Theater
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimeschen Theater vun Duelem.
De galloréimeschen Theater vu Ricciacum läit an engem „Fielsgaart“ genannten Hang nërdlech vum Plateau. Seng Entdeckung geet op d'Joer 1985 zeréck an huet gewisen, datt déi réimesch Besiidlung net nëmmen um Plateau war. Den Theater konnt uschléissend a verschiddenen Ausgruewungskampagnen tëscht 1999 an 2007/2008 bal komplett ënnersicht ginn.
Am éischte Véierel vum 2. Joerhonnert gouf en ale Steebroch fir de Bau vum galloréimeschen Theater benotzt. A senger éischter Phas ware just d'Baussemaueren aus Steen, wärend déi ganz Bannenausbauten, wéi Stëtzreien a Bün aus Holz waren. Am Laf vun der Zäit ass den Theater dacks ëmgebaut ginn[4]. D'Sëtzreien déi haut nach op der Plaz ze gesi sinn, goufen um Enn vum 2. Joerhonnert agebaut. Zur selwechter Zäit sinn d'Mauerecke verstäerkt gi fir den zousätzlechen Drock opzefänken. Déi éischt zwou Reien – vun deenen déi viischt um Ufank vum 3. Joerhonnert eréischt derbäikomm ass – hate Récken- respektiv Aarm- a Réckestäipen. Dobäi handelt et sech em Éiereplazen. A senger leschter Phas hate bis zu 3.500 Leit am Theater Plaz, also iwwer dat Duebelt vun der Populatioun vu Ricciacum. Galloréimesch Theatere si virop Multifunktiounsgebaier, wourop och d'Altär, déi an der orchestra fonnt goufen hiweisen. Si beleeën, datt sech am Theater net nëmme weltlech Handlungen ofgespillt hunn. Den Theater selwer sou wéi seng Gréisst sinn dann och e Beweis, datt et sech bei Ricciacum ëm den Zentrum vun engem Pagus, also enger regionaler Verwaltungseenheet, gehandelt huet.
Baussent dem Theater ass eng Zerstéierungsschicht aus dem 3. Joerhonnert fonnt ginn. An där gouf, nieft Brandschutt aus dem Vicus, och e Skelett mat däitleche Spuere vu Gewaltawierkung fonnt, dat als Affer vun de Germanenafäll ugesi ka ginn. No där Zäit gouf den Theater wéi et schéngt dann och net méi a senger ursprénglecher Form benotzt. Déi massiv Steebléck vun den ieweschte Sëtzreie sinn am Laf vum 4. Joerhonnert fir de Bau vun engem uewen um Plateau gebaute burgus benotzt ginn. Den Terrain vum Theater ass awer wuel nach bis an 5. Joerhonnert benotzt ginn, allerdéngs ass net gewosst als wat.
Thermen
[änneren | Quelltext änneren]Net wäit vum Theater erwech konnt eng ëffentlech Badeanstalt lokaliséiert ginn. Éischt réimesch Mauere goufe schonn 1962 souwéi 1978 bei Stroossenaarbechten an der Hossegaass opgedeckt. 2003/2004 huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht Sondagegruewungen am Bannenhaff vum Café Simon-Calteux gemaach bei deenen d'Iwwerreschter vu verschiddene Raim vu réimeschen Therme fonnt goufen. 2008/2009 ass déi Plaz, nom Ofrappe vun den Niewegebaier vum Café, méi genee ënnersicht ginn.
Vun den ausgegruewene Raim loosse sech verschiddener hirer Funktioun zouweisen: den frigidarium mat sengem Baseng, der piscina an den nordwestlech uschléissenden tepidarium mat Foussbuedemheizung. Zum Beräich vun den Therme gehéiert och nach en oppene Bannenhaff, dee vun engem Sailegang, engem Porticus, ëmgi war. An deem ware warscheinlech déi stenge Gëtterbiller opgestallt, déi bei den Ausgruewunge fonnt goufen.
D'Thermen zu Duelem goufe wuel um Enn vum 1. oder Ufank vum 2. Joerhonnert gebaut a si wärend hirem laange Gebrauch méi dacks ëmgebaut ginn. Bei engem Brand an der Mëtt vum 4. Joerhonnert goufe se zerstéiert an duerno net méi opgebaut. Aus der massiver Schuttschicht vun dëser Zerstéierung konnt en Altor mat enger Opschrëft aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert gebuerge ginn. Dee Stee gehéiert zu deene bedeitendste Fonntstécker vun Duelem. Seng Opschrëft nennt net nëmmen den Numm vun der Uertschaft, mä ernimmt och nach e Barbareniwwerfall (vi barbarorum) bei deem och de Porticus vun den Thermen zerstéiert gouf. So Opschrëften iwwer déi duerch antik Texter bekannt Iwwerfäll sinn extreem rar an doduerch wäertvoll fir d'Fuerschung.
Griewerfelder
[änneren | Quelltext änneren]Wéi zu all réimescher Uertschaft, gehéieren och zum Ricciacum Griewerfelder. Bis elo sinn awer nëmmen d'Grondrësser vun zwee Grafmonumenter souwéi em déi 40 Brandgriewer an zwee Kierpergriewer aus dem klengen Dall „Hossegronn“ bekannt. Déi Nekropol bestoung zanter der zweeter Hallschent vum 1. Joerhonnert.
E spéitantikt Griewerfeld aus dem 4. Joerhonnert, mat staarkem fränkeschen Afloss, louch am Beräich vun der haiteger Parkierch Péiter a Paul. Weider grouss Griewerfelder dierfte laanscht d'Haaptstroosse vum Vicus geleeën hunn. Vun do sinn dann och déi vill Grafsteng déi am 18. a 19. Joerhonnert op de Felder ronderëm Duelem fonnt goufen an haut an de Kollektioune vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ze gesi sinn.
Meilesteng
[änneren | Quelltext änneren]Aus der Ëmgéigend vun Duelem stamen zwéi fragmentéiert Meilesteng, déi alle béid Enn 19./Ufank 20. Joerhonnert entdeckt goufen. Ee stoung warscheinlech ursprénglech an der Géigend vum haitege Fëlschdrëf, südlech vun Duelem, an den zweeten ass direkt nieft dem Kiem am Buchholz fonnt ginn.
Den éischte Meilesteen ass warscheinlech tëscht 1870 a 1900 südwestlech vun Duelem bei Fëlschdrëf fonnt ginn. Et sinn zwee Stécker vum ursprénglech zylindresche Steen erhalen op deenen een nach 4 Textzeile liese kann. Sou ass et méiglech de Steen an d'Zäit vum Keeser Philippus Arabs ze datéieren.
[I]MP CAES M
[P]HILIPPO P[IO]
[F]EL INVIC[TO]
[A]B AVG TR[EV]
XVI
De Meilesteen aus dem Buchholz koum am Joer 1934 bei Aarbechten um Rand vum CR153 zum Virschäin[5]. Der Beschreiwung no muss dee Steen ëmgekippt am Gruef vum Kiem geleeën hunn. Mat deem wat ee vun der Opschrëft nach liese kann, kann de Steen an d'Zäit vum Keeser Hadrian, ca. 121 n. Chr. datéiert ginn.
[IMP CAESARI DIVI]
T[RAIANI PART FIL]
D[IVI NERVAE NEP]
TRAIA[NO HADRIANO]
AVG [PONTIF MAX]
TRIB POTEST [V COS III PP]
A COL AV[G TREV]
XXV
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesche Meilestee bei Duelem.
Stroossenhellegtum am Buchholz
[änneren | Quelltext änneren]Laanscht den CR 153 a Richtung Méideng läit am Buchholz e klengt Hellegtum a Form vun engem galloréimeschen Ëmgangstempel. Déi modern Strooss verleeft hei genee um Tracé vun der réimescher a soumat louch den 8 × 7,50 m groussen Tempel direkt laanscht d'Réimerstrooss, déi iwwer Waasserbëlleg op Tréier gefouert huet. Dat klengt Hellegtum gouf 1934 entdeckt, wéi am Zesummenhang mam Fonnt vum Meilesteen no weideren opfällege Plazen am Bësch gesicht gouf.
Zu de spezielle Fonntstécker aus dem Tempel zielen zwou staark fragmentéiert, stenge Gëtterstatuen, déi nach op hiren Originalplaze stoungen. Et handelt sech ëm eng Statu vum Merkur dee sëtzt souwéi ëm déi vun enger weiblecher Gottheet, warscheinlech d'Rosmerta. Déi war déi keltesche Begleederin vum Merkur a kënnt dacks zesumme mat him vir. Och e Stéck vun enger Opschrëft déi am Tempel fonnt gouf nennt d'Gottheet Merkur. Deemno ass et relativ sécher, datt et sech bei deem klenge Stroossenhellegtum ëm en Tempel vum réimesche Gott vun den Händler, dem Merkur an eventuell der Rosemerta gehandelt huet.
Fuerschungsgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn an der Mëtt vum 17. Joerhonnert ernimmt de Jesuittepater Alexander Wiltheim eng réimesch Fonntplaz bei Duelem a sengem Wierk iwwer réimesch Monumenter vu Lëtzebuerg an Ëmgéigend.
E richtegen Opschwong huet d'Erfuerschung vun der Fonntplaz awer eréischt an der Mëtt vum 19. Joerhonnert erlieft, wéi d'Société archéologique de Luxembourg Ausgruewungen am Virfeld vum Bau vun der Dräikantonstrooss gemaach huet. Déi Ausgruewunge goufen an dräi Rapporten an de Publikatioune vun der Section Historique tëscht 1851 an 1855 publizéiert an et konnt ee sech schonn denken, datt et eng Plaz vun ausseruerdentlecher Bedeitung wier. Dat huet dann derzou gefouert, datt Duelem och alt mol als lëtzebuergescht Pompeji ernimmt gouf.[6]. Fir un déi Ausgruewungen z'erënneren, gouf am Joer 1855 d'Adlermonument mat Steng aus den Ausgruewunge gebaut. Déi éischt Ausgriewer sinn deemools nach dervun ausgaangen d'Iwwerreschter vun engem réimesche Militärlager fonnt ze hunn. Eréischt méi spéit sollt sech erausstellen, datt et sech em eng reng zivil Siidlung handelt. Als Konsequenz vun den Ausgruewungen hunn ëmmer méi privat Antikitéitesammler do hiert Gléck gesicht. Ee vun de bekanntsten dierft den Ernest Dupaix sinn, deem seng impressionnant Sammlung och haut nach seng Leidenschaft weist. Seng Aarbechten hu sech primär op den Tempelberäich laanscht d'Réimerstrooss konzentréiert.
Systematesch Ausgruewunge goufen eréischt vun 1977 un vum archeologesche Service vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (haut Centre national de recherche archéologique) gemaach. D'Ausgruewungen hunn sech dobäi virun allem op e Beräich am Zentrum vun der Siidlung direkt laanscht d'Haaptstrooss sou wéi op de scho vum Dupaix ugegruewenen Tempelbezierk konzentréiert. D'Entdeckung vum Theater am Joer 1985 huet dunn de Fuerschungsschwéierpunkt an de Beräich vum haitegen Duerf Duelem verlagert. Verschidden Ausgruewungskampagnen, Sondagen a baubegleedend Moossnamen, souwuel op der Héicht wéi och am Duerfkär souwéi Prospektioune mat Loftbiller, Geomagnetik a Buedemradar erméiglechen et haut, e relativ detailléierte Plang vun der réimescher Siidlung ze zeechnen. Dat ass virun allem och dem glécklechen Ëmstand ze verdanken, datt e groussen Deel vun der anticker Uertschaft ni iwwerbaut ginn ass.
2016 gouf op der Plaz e Centre Régional de Recherche Archéologique ageweit, dee sech mat der systematescher Opaarbechtung vun der anticker Geschicht vun Duelem befaasst.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Allgemeng
- Jean Krier: Der gallorömische vicus von Dalheim. Imprimerie Hengen, Luxemburg 2010, ISBN 978-2-87985-137-2.
- Jeannot Metzler, Johny Zimmer: Beiträge zur Archäologie von Dalheim. Hémecht 30.3, Saint-Paul, Luxemburg 1978.
- Jean Krier, Raymond Weiller: Zu den Anfängen der römischen Besiedlung auf „Pëtzel“ bei Dalheim. Publications de la Section Historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg XCIV, Imprimerie Joseph Beffort, Luxemburg 1980, S. 141–194, ill.
- Laure Juncker, Joseph Heisbourg, Joseph Mangerich (Red.): Ricciacus : 30 Joer Ricciacus Frënn Duelem 1977–2007. Imprimerie Central SA, Luxembourg 2007, S. 202, ill.
- Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem. Fanfare Gemeng Duelem, Luxemburg 2001, ISBN 2-87996-944-1.
Numm
- Jean Krier: DEAE FORTUNAE OB SALUTEM IMPERI. Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle. Gallia – Archéologie de la France antique 68.2, 2011. CNRS Éditions, Paris 2011, S. 313–340, ill. ISBN 978-2-271-07269-6.
- Nena Sand: Ricciacus, Riccium oder Ricciacum? Ein Ort, viele Namen - Dalheims antike Benennung. Archaeologia luxemburgensis 4, 2017-2018, 46-53. ISSN 2354-5526.
- Jules Vannérus: Ricciacus et Caranusca. Publications de la Section Historique 62, 1928, 3–31.
Vicusbebauung
- Jean Krier: Das vorrömische und frührömische Dalheim (Luxemburg). In: Rheinisches Landesmuseum Trier (Hrsg.): Trier - Augustusstadt der Treverer. Philipp von Zabern, Mainz 1984, ISBN 3-8053-0792-6.
Theater
- Peter Henrich: Das gallorömische Theater von Dalheim „Hossegronn“ Luxemburg. Dossiers d'archéologie XV. Imprimerie Central SA, Luxemburg 2016, ISBN 978-2-87-985317-8.
- Franziska Dövener: Ista quidem vis est ... Mord in Dalheim! In: Unter unseren Füßen. Archäologie in Luxemburg. Ausst. Luxemburg 2011 (Luxemburg 2011), 119-121.
Thermen
- Heike Pösche: Neue Grabungen in den Thermen des vicus Ricciacus. Empreintes – Annuaire du Musée national d'histoire et d'art. Imprimerie Faber, Luxembourg 2011, S. 40–47, ill. ISBN 978-2-87985-149-5.
Meilesteng
- Paul Medinger: Borne milliaire romaine trouvée entre Dalheim et Medingen. Ons Hémecht 40, 1934, 310-314.
- Charles-Marie Ternes: Inscriptions antiques du Luxembourg. Hémecht 17, 1965, N° 62 S. 75.
Stroossenhellegtum
- Paul Medinger: Sanctuaire gallo-romain trouvé sur la route romaine de Dalheim au Bois de Buchholz. Ons Hémecht 41, 1935, 75-79.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vicus Ricciacus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Geschichtsveräin „Ricciacus Frënn“
- Centre national de recherche archéologique Luxembourg
- Musée national d'histoire et d'art Luxembourg
- Gemeng Duelem
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Lokaliséierung vu Ricciaco war Géigestand vun enger laanger Fuerschungsdiskussioun, déi de belsch-lëtzebuergeschen Historiker Jules Vannérus an den 1920er Joren zesummegefaasst huet. Jules Vannérus: Ricciacus et Caranusca. Publications de la Section Historique 62, 1928, S. 3–31.
- ↑ Jean Krier: DEAE FORTUNAE OB SALUTEM IMPERI. Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle. Gallia – Archéologie de la France antique 68.2, 2011.
- ↑ Den haitege Flouernumm „a Pëtzel“ erënnert nach un déi Pëtzer a weist, datt s'an der Lokalgeschicht scho laang bekannt waren oder ni ganz verschwonne sinn.
- ↑ Am Ganze konnte 6 Phase festgestallt ginn.
- ↑ Op der Plaz wou e fonnt gouf steet haut eng Kopi vum Steen.
- ↑ Dëse Begrëff gouf virun allem am Ufank vum 20. Joerhonnert an d'Welt gesat (E. Diederich, Mondorf, Der römische Grabstein in der Friedhofskapelle zu Ellingen. Lëtzeburger Wort vum 26.12.1917, 3-4). Awer och scho bei der Ried un de Kinnek bei der Aweiung vum Adlermonument huet de J. Engling Duelem als "autre Herculaneum" bezeechent