Réimesche Meilesteen am Buchholz

Vu Wikipedia
Réimesche Meilesteen am Buchholz
Land Lëtzebuerg
Plaz Duelem
Adress Buchholz / Verbrannte Bësch
Koordinaten 49°33'39,03992"N, 6°15'11,22150"O


De Réimesche Meilesteen am Buchholz ass ee vun den zwéi Meilesteng déi an der Géigend vun Duelem fonnt goufen. E gouf am Joer 1934 bei Stroossenaarbechten um CR 153 bei der Parzell "Verbrannte Bësch" am Buchholz tëscht Duelem a Méideng fonnt.

De Miliarium stoung op der Via Agrippa (Variant op der lénkser Muselsäit) déi vu Metz op Tréier gefouert huet. De Beschreiwungen aus den 1930er Joren no, louch de Steen am Stroossegruef nieft der Réimerstrooss, déi do genee ënnert der haiteger Strooss verleeft. Dofir kann een unhuelen, datt d'Plaz wou de Stee fonnt gouf identesch mat der Plaz ass wou e fréier stoung. Um Meilesteen ass dës Opschrëft nach ze liesen:

[IMP CAESARI DIVI]
T[RAIANI PART FIL]
D[IVI NERVAE NEP]
TRAIA[NO HADRIANO]
AVG [PONTIF MAX]
TRIB POTEST [V COS III PP]
A COL AV[G TREV]
XXV

Doraus geet ervir, datt en am Joer 121 ënner dem Keeser Hadrian opgeriicht gouf. E gëtt d'Distanz bis Tréier mat 25 réimesche Meilen un. Sou eng Meil, mille passus, entsprécht ongeféier 1.482 Meter, soudatt et vun där Plaz bis op Tréier eng 37 Kilometer waren.

D'Original koum an de Musée, an op der Plaz, nieft dem CR153, gouf eng Kopie dovun opgeriicht. Op engem Steen dernieft steet dës Inscriptioun:

Milliaire romain placé ici sur la route Metz-Trèves sous l'empereur Hadrien en 121.
Il marque la distance jusqu'à Trèves 25 milles = 37 km
L'original trouvé à cet endroit en 1934 est au Musée de l'État

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Medinger: Borne milliaire romaine trouvée entre Dalheim et Medingen. Ons Hémecht 40, 1934, 310-314.
  • Charles-Marie Ternes: Inscriptions antiques du Luxembourg. Hémecht 17, 1965, N° 62 S. 75.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 52-53.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimesche Meilesteen am Buchholz – Biller, Videoen oder Audiodateien