Diskussioun:Réimesche Meilesteen am Buchholz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Miliarium stoung laanscht d'Réimerstrooss déi vun Duelem iwwer Méideng op d'Haaptachs vu Metz op Tréier gefouert huet.

Dat stëmmt net!!!! Net ënnerschriwwene Message vum Benotzer:Puscas 09:59, 27. Mee 2019‎
Sief kéng! --83.99.65.116 10:06, 27. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Hei ass d'Fro net op ee soll kéng sinn oder net. Dat ass ze einfach.
Hei geet et drëms fir e Benotzer drop hinzeweisen datt dat falsch ass an anengems fir en ze froe firwat datt sou e Quatsch geschriwwe gëtt.
PS: et dréint sech heidrëms fir de Fall wou de Benotzer net sollt bemierkt hunn ëm wat et geet: d'Haaptachs vu Metz op Tréier. --Puscas (Diskussioun) 10:26, 27. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Salut,
Ech weess net ëm wat et geet, ech hu just déi hei Diskussioun an de 'rezenten Ännerunge' gesinn. Fir d'Diskussioun e bësse méi konstruktiv ze maachen: Wann eppes net richteg ass, dann ass et besser ze erklären, wat falsch ass a firwat, an am Beschten nach wouhier een dat weess. Ech z.B. verstinn deng Remark leider net. An am Beschten och keng Sätz mat véier Ausruffzeechen schreiwen, dat kënnt soss fir Externer e bëssen aggressiv eriwwer (ech schreiwen aus Erfarung, ech hunn dat och scho gemaach a probéieren elo méi neutral eriwwer ze kommen) :) Bdx (Diskussioun) 10:54, 27. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
@ Bdx:D'Erklärung ass einfach: Virdru stoung eng richteg (méi kuerz) Informatioun ouni falscht Gebraddels do. Do freet ee sech wat déi Leit bezwecken wa se dat an eng falsch Info änneren. Ech perséinlech fannen dat fir ze k...en. --Puscas (Diskussioun) 19:33, 27. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Effektiv ass dat e Lapsus mengersäits. Gemengt war d'Haaptachs vu Reims op Tréier. Dofir entschëllegen ech mech. Op dës Strooss allerdéngs nach als Via Agrippa unzeschwätzen ass, ass eng Definitiounsfro. Vu dat dës sech zu Duelem gafelt an de Strang laanscht deen de Meilestee läit op eng weider grouss Achs féiert, wollt ech dës Fro ëmgoen an deems ech den Text neutral formuléiert hat. --Riccienses (Diskussioun) 14:53 (UTC)