Kierch Duelem (Réimech)
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Duelem (2012) | ||||
Uertschaft / Plaz | Duelem | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Helleg Péitrus a Paulus | |||
Koordinaten | 49° 32’ 29.8’’ N 06° 15’ 36.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Duelem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Duelem gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet um Péiteschbierg. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zu der Par Duelem gehéieren ausser der Kierch vun Duelem och nach d'Kierch vu Fëlschdref an d'Kierch vu Welfreng.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Nieft engem Klackespill, dat all Stonn eng Kéier spillt, hänken am Kierchtuerm vun der Duelemer Kierch 4 Klacken, déi an den Téin La Dièse, Sol, Mib, Mi3, och b', g', e' es' (dis') genannt, lauden.
Uergel
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Duelem.
Fresken
[änneren | Quelltext änneren]D'Freskemolereien, déi aus dem 18. Joerhonnert stamen, goufe vum lëtzebuergesche Moler Jean-Georges Weiser realiséiert. Hien huet e Kräizwee mat 14 Statioune gemoolt, dovun 12 am Schëff an zwou an de Säitenaltär.
-
I. Statioun
-
II. Statioun
-
III. Statioun
-
IV. Statioun
-
V. Statioun
-
VI. Statioun
-
VII. Statioun
-
VIII. Statioun
-
IX. Statioun
-
X. Statioun
-
XI. Statioun
-
XII. Statioun
-
XIV. Statioun
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Victor Loos, Duelem - Band 1 - "Eis Kiirch", Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Duelem (Réimech) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).