Kierch Welfreng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Welfreng
Filialkierch vu Welfreng, Nordsäit (2013
Filialkierch vu Welfreng, Nordsäit (2013
Uertschaft / Plaz Welfreng
Par Duelem
Dekanat Réimech
Numm / Patréiner Hl. Wendelin
Konsekratioun 1930
Architekt(en) J.P. Knepper
Baujoer 1928 - 1930
Koordinaten 49° 32’ 21.6’’ N
06° 16’ 59.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Welfreng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Duelem, zum Parverband Réimech, Duelem, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Réimech an zu der Gemeng Duelem gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Wendelin deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt, den Zweetpatréiner ass den hellege Markus.

D'Kierch steet am Zentrum vun der Uertschaft do wou de Munnereferwee an de Réimecherwee iwwergeet. Op der Ostsäit ass d'Schoul un d'Kierch ugebaut.

Den 29. Mäerz 2019 gouf d'Kierch als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zu der Par Duelem gehéieren ausser der Filialkierch vu Welfreng och nach d'Parkierch vun Duelem an d'Filialkierch vu Fëlschdref.

All Freide gëtt eng Wiertesmass zu Welfreng gehalen, all drëtte Sonnden an un den Héichfester eng Houmass an all éischte Freiden am Mount eng eucharistesch Anbetung.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kierch zu Welfreng gouf 1721 gebaut, et war eng Kapell, déi dem hellege Markus geweit war. Welfreng ass vun Ufank un eng Filial vun der Par Duelem gewiescht. 1926 huet dunn d'Gemeng entscheet déi baufälleg Kapell net ze renovéieren, mä eng nei Kapell opriichten ze loossen. Den Architekt Jean-Pierre Knepper huet d'Pläng fir déi nei Kierch gemaach, déi al Kapell ass 1928 ofgerappt ginn. De Grondstee fir déi nei Kierch ass dunn den 8. Juli 1928 geluecht ginn, den 21. Abrëll 1930 ass d'Kierch feierlech ageweit ginn. Bis 1958 sinn d'Filialkierchen vu Welfreng a Fëlschdref nieft dem Paschtouer vun Duelem och vun engem Kaploun betreit ginn, deen zu Duelem gewunnt huet. De leschte Kaploun vu Welfreng war den Här Albert Thilges vu Käerch. D'Kapell zu Welfreng gouf 2003 bausse renovéiert an nei ugestrach, anengems ass och d'Plaz ronderëm d'Kierch nei amenagéiert ginn. 2010 gouf den Daach vum Kierchtuerm nei gedeckt an den Hunn nei vergold. Am Joer 2016 ass d'Kierch och banne renovéiert ginn. Dobäi krut d'Kierch en neien Ustrach, nei elektresch Anlagen, en neien Holzbuedem an d'Rëss am Plafong si gefléckt ginn. D'Fënsteren aus dem Joer 1929 si vum Atelier M.Bauer vu Munneref duebel verglast ginn. Och e Greef-Weekraiz gouf an der Kierch opgestallt.

Bannenariichtung[änneren | Quelltext änneren]

An der Kierch sti verschidde Statuen: eng Häerz-Jesu Statu, eng Häerz-Maria Statu, eng Statu vum hellegen Donatus, vum hellege Markus, vum hellege Jousef, vum hellege Wendelin an eng vun der Tréischterin am Leed. Den Héichaltor gouf 1709 vum Nic Greeff-Roesdorf vun Altwis gemaach, e gouf am Joer 2000 vum Atelier Juan Morales vu Réimech renovéiert, deen och en neien Ambo an en Zelebratiounsaltor fir d'Kierch gemaach huet.

D'Fënstere vun der Kierch goufen 1929 an der Glaserei F.A. Linster zu Munneref gemaach a si vun de Welfrenger Famillje gestëft ginn. Am Tuerm vun der Kierch hänken zwou Klacken.

D'elektresch Uergel vun der Firma Ahlborn ass 1978 vum Paschtouer Edmond Urth geseent ginn.

Virun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Op der Südsäit vun der Kierch sti Statue vum hellege Wendelin an der helleger Theresa. E Weekräiz vu 1735 staamt aus dem Atelier Greef vun Altwis. Dat "Missiounskraiz" gouf vum Auguste Reuter opstelle gelooss a stoung fréier direkt widder der Mauer vun der aler Kapell, déi 1928 ofgerappt gouf. Dobai ass d'Kräiz zesummegebrach, et gouf awer reparéiert an virun der neier Kierch opgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Welfreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 10. Oktober 2019).