Staustuf Stadbriedemes-Palzem
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
Loftbild mat enger Vue vun der Staustuf (vu Stadbriedemes aus gekuckt) | |
| Typ | Staustuf, Schëffsschleis, Elektrizitéitswierk, Wier |
|---|---|
| Geographie | |
| Land | Lëtzebuerg, Däitschland |
| Plaz | Stadbriedemes, Palzem |
| Koordinaten | 49°34'3,61"N, 6°21'53,96"O |
| Gewässer | Musel |
| Flosskilometer | 229,87 km |
| Héicht i. M. | 136 m |
| Technesch Donnéeën (Schleis) | |
| Fäerdeg gebaut | 1964 |
| Opgaangen | 1964 |
| Längt | 172 m |
| Breet | 12 m |
| Niveausënnerscheed | 3,8 m |
| Paarten | 2 |
| Zort vu Paarten |
Stemmpaart (ënnen) Hiefpaart (uewen) |
| Material | Stol |
| Aner Donnéeën | |
| Bedreiwer | Service de la navigation fluviale, Cefralux |
| Leeschtung Kraaftwierk | 4,5 MW |
|
| |
D'Staustuf Stadbriedemes-Palzem läit um Kanalkilometer 229,87 vun der Musel tëscht der Lëtzebuerger Uertschaft Stadbriedemes an der däitscher Uertschaft Palzem. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 140,50 m (NG-L).
Si gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.
Elementer vun der Staustuf
[änneren | Quelltext änneren]Vum Lëtzebuerger Uwänner bis op déi Däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:
- Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: D'Kummer vun der Schleis ass 170 m laang an 12 m breet; se huet eng Falhéicht vun 3,80 Meter.
- Eng Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
- Eng Bootsschleis fir Sportsbooter
- E Wier mat:
- Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
- Enger Fëschleeder
- Engem Lafwaasserkraaftwierk, dat vun der SEO bedriwwe gëtt.
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Vue vun Nordwesten op d'Staustuf. Riets am Bild d'Schëffsschleis
- D'Ausfahrt vun der Schëffsschleis mat der Steierbréck
- Steierbréck vun der Staustuf Stadbriedemes-Palzem
- D'Monument Réimerbréck nieft der Schëffsschleis
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonyme, 2008: Sentier culturel Stadtbredimus. Brochure touristique, 23 p. 10 × 21 cm. Imprimerie Schomer-Turpel sàrl, Remich.
- Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Staustuf Stadbriedemes-Palzem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
