François-René de Chateaubriand

Vu Wikipedia
François-René de Chateaubriand
Gebuertsnumm François-Auguste-René de Chateaubriand
Gebuer 4. September 1768
Saint-Malo
Gestuerwen 4. Juli 1848
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Iwwersetzer, Politiker, Diplomat, Historiker, Dichter, Romancier, Journalist, Essayist, Militär, Biograph, Schrëftsteller
Partei Legitimisten
Member vun Académie française, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
De François-René de Chateaubriand (gemoolt vun der Anne Louis Girodet-Trioson).

De François-René, Vicomte de Chateaubriand, gebuer de 4. September 1768 zu Saint-Malo a gestuerwen de 4. Juli 1848 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Politiker an Diplomat. Hie gëllt als ee vun de Grënner vum der literarescher Romantik a Frankräich.

Bekannt Wierker vun him si Le Génie du Christianisme (1802), en anti-opklärerescht an antirevolutionärt Pamphlet, an doranner d'Erzielungen Atala a René (déi och eenzel erauskoumen). Atala geet ëm de Konflikt tëscht Léift a Keuschheet vun enger jonker Fra, déi als Auswee just e Suizid aus deem Dilemma gesäit, iwwerdeems René e romantesche Kënschtler portraitiéiert, dee sech mam Mal du siècle schwéier deet.

Ausserdeem huet de Chateaubriad e Reesroman (Itinéraire de Paris à Jérusalem, 1811) an tragesch Liebesromaner, resp. -novelle geschriwwen (Les Martyrs, ou le Triomphe de la religion chrétienne (1809), Les aventures du dernier Abencérage, 1826 erauskomm).

Als Adlege war de Chateabriand géint d'Revolutioun, fir den Napoleon an d'Restauratioun vun de Bourbonen ënner dem Louis XVIII. Ausserdeem war hien an den 1820er Joren Ambassadeur, a war Editeur vun der Zäitschrëft Le Conservateur.

No der Julirevolutioun 1830, wou e sech aus der Politk zeréckgezunn huet, huet hien historesch Bicher geschriwwen, dorënner Études historiques (1831), den Essai sur la littérature anglaise (1836) an d'Geschicht vum Kongress vu Verona (1838). An de leschte Joren huet en u senge monumentale Mémoirë geschriwwen, de Mémoires d'outre-tombe, déi eréischt posthum publizéiert sollte ginn.

Dëst an dat[änneren | Quelltext änneren]

Nom Chateaubriand gouf e klassesche Plat vun engem Rëndfleeschsfilet aus der franséischer Kichen gennant: de Steak Chateaubriand.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Itinéraire de Paris à Jérusalem et de Jérusalem à Paris, 1821
  • Essai sur les révolutions (1797)
  • Atala (1801)
  • Génie du christianisme (1802); 2021 vum Maxence Caron nei editéiert, mat anere Wierker zesummen: Génie du christianisme - Textes historiques - Pamphlets - Essais politiques; Paräis (Robert Laffont; collection 'Bouquins'); 1095 Säiten. ISBN 978-2-221-24303-9.
  • René (1802)
  • Les martyrs (1809)
  • Itinéraire de Paris à Jérusalem et de Jérusalem à Paris (...) (1811)
  • De Buonaparte, des Bourbons, et de la nécessité de se rallier à nos princes légitimes, pour le bonheur de la France et celui de l'Europe (1814)
  • Vie de Rancé (1844)
  • Mémoires d'outre-tombe (1848)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edoardo Costadura: Der Edelmann am Schreibpult. Zum Selbstverständnis aristokratischer Literaten zwischen Renaissance und Revolution. Niemeyer, Tübingen 2006
  • Reinhold R. Grimm: Wendezeiten, Revolution und Poesie: François-René de Chateaubriand in: Jenaer Universitätsreden 15, 2005, S. 41–70
  • Manfred Lentzen: Francois-René de Chateaubriand in: Französische Literatur des 19. Jahrhunderts. I. Romantik und Realismus. Quelle & Meyer, Heidelberg 1979, S. 189–216
  • Friedrich Sieburg: Chateaubriand. Romantik und Politik. Deutsche Verlags-AnstaltDVA 1959; och Ullstein 1988.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François-René de Chateaubriand – Biller, Videoen oder Audiodateien