Joseph Maertz

Vu Wikipedia
Joseph Maertz
Gebuer 8. August 1907
Klierf
Gestuerwen 18. Dezember 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Philosoph

De Joseph Maertz, gebuer den 8. August 1907 zu Klierf, gestuerwen den 18. Dezember 1988 an der Stad, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.

De Joseph Maertz ass den 30. Juli 1933 zum Priister geweit ginn. Vun 1933 bis 1937 huet hien op den Universitéite vu Paräis, München a Wien weider studéiert an huet säi Studium als Dokter vun der Philosophie an der Literatur ofgeschloss.

Vun 1937 un huet hien am Atheneum Latäin a Geschicht enseignéiert. Zäitweileg gouf hien och Reliounscoursen an der Normalschoul a Geschichtscoursen um Cours supérieur. 1971 gouf hie pensionéiert.

Wärend 20 Joer, vun 1963 un, war de Joseph Maertz Redakter vun der "Hémecht"; hie war och Mataarbechter vum Veräin "De Cliärrwer Kanton".

De Joseph Maertz ass besonnesch bekannt fir säi Buch "Luxemburg in der Rundstedtoffensive" (1. Editioun 1947); en huet donieft awer nach vill aner Publikatiounen opzeweisen, wéi d'Bibliographie, déi de Jean-Claude Muller an den Hugues Schaffner (†1993) opgestallt hunn, dat dokumentéiert (cf. Literatur).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jos. Maertz, 1947: Luxemburg in der Rundstedt-Offensive: das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt Paulus-Druckerei, Luxemburg, 477 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 1988. Professor Joseph Maertz †. In: Luxemburger Wort 1988, Nr. 292 (19. Dezember), S. 4.
  • Hoffmann, Léopold, 1989. Professor Joseph Maertz † (1907-1988). In: Luxemburger Wort 1989, Nr. 13 (17. Januar), S. 5. (och publizéiert am: De Cliärrwer Kanton 1989, Nr. 1, S. 18-19).
  • Margue, Paul, 1989. Professor Joseph Maertz †. In: Hémecht, Jg. 41(1989), H. 1, S. 89-92.
  • Milmeister, Jean, 1989: Professor Joseph Maertz † (1907-1988). In: The bulge: publication du Cercle d'études sur la bataille des Ardennes, Nr. 1, S. 7-8.
  • Muller, Jean-Claude & Hugues Schaffner (collab.), 1989: Bibliographie Joseph Maertz (1907-1988). In: Hémecht, Jg. 41(1989), H. 1, S. 93-99.
  • Schaffner, Hugues & Jean-Claude Muller (collab.): À la mémoire de Joseph Maertz (1907-1988): bibliographie. In: De Cliärrwer Kanton, 11(1989), Nr. 1, S. 20-22.