Schuster-Linn

Vu Wikipedia
D'Schusterlinn

D'Schuster-Linn war eng Verdeedegungslinn déi zu Lëtzebuerg kuerz virum Zweete Weltkrich opgeriicht gi war. Si war nom lëtzebuergesche Baukondukter Joseph Schuster benannt ginn.

Déi Linn huet haaptsächlech aus Bëtongsblockaden oder Eisepaarten op de Grenzbrécke mat Däitschland bestanen. Am Land waren och op e puer Plazen d'Stroossen no Frankräich an Däitschland mat Bëtongsbléck verbarrikadéiert ginn. E groussen Afloss op d'Weiderkommen vun der Wehrmacht hat se net. D'Eisepaarte goufen einfach ofmontéiert, a bei de Bëtongsbléck goufe Rampe gebaut fir driwwer ze kommen, oder se goufen do wou et méiglech war ewechgesprengt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nilles, Léon N.: "Die Schusterlinie: Ein Betonklotz gegen die Wehrmacht." In: Lëtzebuerger Journal 53(2000), Nr. 88 (9. Mee), S.10-11.
  • Milmeister, Jean: "Sturm auf die "Schusterlinie." In: Letzeburger Sonndesblad 113(1980), Nr.19, S. 6.
  • Félix Streicher: "Une drôle de petite armée" in der drôle de guerre. Die luxemburgische Force Armée zwischen September 1939 und Mai 1940. In: Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 71/3 (2019), S. 279–309.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Histoprim