Albert Hoefler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Hoefler
Gebuer 2. Januar 1899
Iechternach
Gestuerwen 24. September 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker

Den Albert Hoefler, gebuer zu Iechternach den 2. Januar 1899, a gestuerwen tëscht Réimech a Stadbriedemes de 24. September 1950[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist a Literaturkritiker.

Den Albert Hoefler huet seng berufflech Karriär als Comptabel op der ARBED ugefaangen. Duerno gouf hien 1945 Journalist a Chefredakter bei der Obermosel-Zeitung a vun 1948 bis 1950 am Lëtzebuerger Journal.

Hie war 1923 ee vun de Matgrënner vun der Kulturzäitschrëft Les Cahiers luxembourgeois.

Hie war vun August 1946 bis Juni 1947 Observateur bei den Nürnberger Prozesser an huet vun do Reportagë gemaach.

De Fernand Hoffmann schreift vun him a senger Geschichte der luxemburgischen Mundartdichtung: "Albert Hoeffler, von dem uns einige wenige Mundartgedichte überliefert sind, kann auch im Luxemburgischen den Dichter von "Dom" und "Nächte" nicht verleugnen. Sein Atem geht weit, seine Inspiration ist hoch, so hoch, dass ihm unsere derbe, aber schöne Bauernsprache ihm nicht immer zu folgen vermag".

Gedichter, erausgegraff aus sengem Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Ech ruffen zou Dir...
  • Heem aus der Keelt
  • Evaquéiert

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Säit vum Albert Hoefler am Luxemburger Autorenlexikon
  2. Doudesannonce vum Albert Hoefler am Tageblatt vum 28. September 1950 op eluxemburgensia.lu