Wilhelm Voigt

Vu Wikipedia
Wilhelm Voigt
Gebuer 13. Februar 1849
Sowetsk
Gestuerwen 3. Januar 1922
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Kinnekräich Preisen, Däitscht Räich

De Friedrich Wilhelm Voigt, gebuer den 13. Februar 1849 zu Tilsit am deemolegen däitschen Ostpreussen a gestuerwen den 3. Januar 1922 an der Stad Lëtzebuerg, war en däitsche Schouster, deen als Hauptmann von Köpenick bekannt gouf.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilhelm Voigt gouf 1849, als Jong vun engem Schouster, zu Tilsit gebuer. Hie war selwer och e Schouster a gouf tëscht den 1860er an 1890er Joren e puermol wéinst Déifstall a Fälschung vun Dokumenter verhaft a verurteelt, a souz dowéinst bis zu 15 Joer am Prisong.

Den 22. Mee 1909 huet hie sech an der Stad op der Gemeng ugemellt a krut den 1. Mee 1910 Lëtzebuerger Pabeieren. Hien huet sech en Haus kaaft (op Nr 5 an der Neipperg-Strooss) an huet als Schouster an als Garçon geschafft. Donieft huet hien d'Story vu senger "Heldendot" ausgenotzt fir geleeëntlech am amerikaneschen Zirkus "Barnum & Balley" opzetrieden.

De Wilhelm Voigt ass den 3. Januar 1922 am Alter vun 73 Joer an der Stad gestuerwen,[1] a gouf um Nikloskierfecht begruewen. Well hie komplett veraarmt war, huet den Aarmebüro d'Käschte vu sengem Begriefnes iwwerholl.

Säi Graf[änneren | Quelltext änneren]

Graf vum Wilhelm Voigt um Nikloskierfecht

Dem Wilhelm Voigt säi Graf hat laang Jore kee Grafsteen. 1961 huet den Zirkus "Sarrasani", bei deem de Voigt ni opgetruede war, d'Grafkonzessioun fir 15 Joer iwwerholl an e Grafsteen opstelle gelooss mat dem Text: "Wilhelm Voigt, genannt Hauptmann von Köpenick, 1850-1922, gewidmet vom Circus Sarrasani, September 1961". Dobäi gouf d'Gebuertsjoer falsch (1850) uginn, well a Wierklechkeet war de Voigt 1849 gebuer. Dësen Iertum gouf awer eréischt 15 Joer méi spéit festgestallt.

Wéi 1975 d'Grafkonzessioun sollt oflafen ass gefaart ginn, d'Graf géif verschwannen. Verschidden Zeitungen an Däitschland an zu Lëtzebuerg hunn dorop opmierksam gemaach. Schlussendlech huet d'Stad Lëtzebuerg d'Konzessioun iwwerholl an et gouf e Concours ausgeschriwwe fir en neie Grafsteen. Dem Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Pierre Georg seng Propose ass zeréckbehale ginn.

D'Köpenickiade[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Oktober 1906 huet de Wilhelm Voigt sech als Hauptmann verkleet a mat e puer Zaldoten, déi en op der Strooss 'rekrutéiert' huet, d'Stadhaus vu Köpenick, am Oste vu Berlin, besat. Hien huet de Buergermeeschter verhafte gelooss a sech mat der Stadkeess duerch d'Bascht gemaach.

Zéng Deeg drop gouf e festgeholl, an zu 4 Joer Prisong verurteelt. 1908 huet de Keeser Wilhelm II. e begnodegt, an hien ass fréizäiteg entlooss ginn.

Duerch dës Anekdot, déi spéider Köpenickiade genannt gouf, gouf de Voigt deemools weltbekannt. Hien ass op "Tournéeen" ë. a. am Kanada, den USA an a Frankräich gaangen, wou e seng Dot a Cabareten nogespillt huet, an am Wuesfigure-Cabinet vun der Madame Tussaud gouf eng Figur vun him opgeriicht. 1909 huet hie seng Memoirë publizéiert.

Theaterstécker a Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hauptmann von Köpenick

De Carl Zuckmayer huet 1930 dat vun där Geschicht inspiréiert Kaméidisstéck Der Hauptmann von Köpenick geschriwwen. Dat Stéck gouf duerno e puermol verfilmt.

Fir den honnertsten Doudesdag vum Voigt huet de Guy Helminger e Kaméidistéck Madame Köpenick geschriwwen, dat den 12. Januar 2022 am Kasemattentheater uropgefouert gouf. Dëst war eng Koproduktioun vum kasemattentheater mat der Vaganten Bühne vu Berlin. D'Madame Köpenick gouf gespillt vum Brigitte Urhausen an de Köpenick vum Michael Schrodt.[2][3]

Kinofilmer[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • F.A., 2019. Genie oder Gauner: Der Hauptmann von Köpenick. Keine Gemeinschaftsbriefmarke für 100. Todestag im Jahr 2022. Tageblatt 2019-07-30, Nr. 175, S. 22.
  • Jeck, M., 2016. (Kein) Exit für den Hauptmann von Köpenick. "... um den ewigen Schikanen zu entgehen, will ich mich in Luxemburg niederlassen" Die Warte 27|2520 vum 13. Oktober 2016, S. 8-10.
  • Hoffmann, D., 2015. Der Hauptmann von Köpenick. Vom Berliner Schumacher zu einem der ersten Autobesitzer Luxemburgs. Luxemburger Wort vum 3. Juli 2015, S. 23. Op wort.lu, 04.07.2015: Wie der Hauptmann von Köpenick nach Luxemburg kam
  • Jungblut, T., 1939. Geschichten von sieben Friedhöfen. A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift, Jg. 7, Nr. 6 (5. Februar 1939), S. 4-6. [2]
  • Löschburg, W., 1996. Ohne Glanz und Gloria: die Geschichte des Hauptmanns von Köpenick. 6. Auflage. Berlin, Morgenbuch Verlag, 332 S.
  • Mersch, F., 1978. Luxembourg: Belle Epoque, Guerre et Paix. Luxembourg, 404 S. (Wilhelm Voigt, S. 250-255).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wilhelm Voigt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. E kuerzen Noruff stoung am: Luxemburger Tageblatt 1922, Nr. 2 (3. Januar), S. 2 (Der Hauptmann von Köpenik). [1]
  2. Marc Jeck, Grabstätte zwischen Legende und Realität, Luxemburger Wort, 03.01.2022, S. 38
  3. Komödie im Kasemattentheater, Madame Köpenick ist gefundenes Fressen für die Bühne. Gekuckt de(n) 15. Januar op wort.lu.