Jhemp Bertrand

Vu Wikipedia
Jhemp Bertrand
Gebuer 13. Februar 1921
Mënsbech
Gestuerwen 1. Juli 2008
Mënsbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fonctionnaire, Resistenzler
Partei Demokratesch Partei

De Jean-Pierre ("Jhemp") Bertrand, gebuer den 13. Februar 1921 zu Mënsbech[1] an do gestuerwen den 1. Juli 2008[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker.

De Bertrand war am Zweete Weltkrich Refractaire an 1942 am SS-Sonderlager Hinzert wéinst sengen Aktivitéiten an der Resistenz agespaart. Vu Beruff war hie Beamten an der Steierverwaltung.

Gemengepolitesch war de Bertrand 43 Joer laang zu Schëtter am Gemengerot a vun 1973 bis 1975 do Schäffen.

Hie war ufanks Member vun der DP, mä huet déi verlooss, well se senger Meenung no ze vill Konzessiounen um liberale Prinzip gemaach huet. Zanter 1974 ass hie mat eegene Lëschten an d'Chamberwale gaangen: 1974 an 1979 (am Bezierk Zentrum) housch se Liberal Partei, 1989 Republikanesch Partei,[3] 1994 PRP - Partei fir regional a réel Politik[4] an 1999 De Steierzueler. Hien hat mat kenger vun hinne Succès. De Jhemp Bertrand war och e Grënnungsmember vun der FELES[5].

Wéinst sengem verbassenen Asaz géint den, wéi hien et gesouch, Muechtmëssbrauch duerch de Staat, gouf hien als eng Zort "Riets-Anarchist" beschriwwen.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean-Pierre Bertrand op www.ons-jongen-a-meedercher.lu
  2. De Jhemp Bertrand op www.ons-jongen-a.meedercher.lu
  3. 3,0 3,1 "Jhemp Berrand, un anarchiste de droite." dei-lenk.lu.
  4. Lëscht vun de Kandidaten am Walbezierk Zentrum 1994
  5. forum.lu