Federatioun Eist Land - Eis Sprooch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FELES)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner dem Numm Federatioun Eist Land - Eis Sprooch, kuerz FELES, gouf de 6. Oktober 1984 e Veräi mat rietsextremer an nationalistescher Ausriichtung gegrënnt[1]. De Sëtz vum Veräi war an der Stad Lëtzebuerg.

Nieft dem Slogan "Eist Land - Eis Sprooch" am Numm vun der Organisatioun war eng vun den Haaptfuerderunge vun der FELES "Kee Walrecht fir Auslänner" a "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger"[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 331: 15884 (1984). D'Grënnungsversammlung huet am Café du Commerce an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt. Zesummesetzung vum éischte Comité: Fred Welter (President), Georges Dessouroux (Vizepresident), Emile Schmit (Sekretär), Léontine Schleimer a Patrick Birchem (Tresorieren). Weider Membere vum Comité waren: Charel Malane, Marc Peffer, Ernest Steichen, Milly Thill a Laure Wolter. Och bei der Grënnungsversammlung dobäi waren de Jhemp Bertrand, de Jos Weyrich an de Paul Klein. Cf. Blau an der Literatur.
  2. "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" ass den Ufank vum Refrain aus der nationalistescher Hymn "U Letzebuerg" vum Professer Lucien Koenig aus dem Joer 1911: "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger, a soss kengem op der Welt". Et war virun allem e militant Lidd vun den Nationalisten an der Zäit tëscht dem Éischten an dem Zweete Weltkrich.