Pierre Becker (Politiker)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokter a Politiker Pierre Becker. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Pierre Becker.

De Pierre Becker, gebuer den 21. August 1809 zu Iechternach an do gestuerwen den 13. Februar 1879, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.[1]

De Medeziner[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Becker, dee seng Medezinstudien am Mee 1839 zu Würzburg ofgeschloss hat, krut den 9. Februar 1841 d'Erlaabnes fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren. Hien huet sech zu Iechternach etabléiert an ass 1842 den éischte Kantonaldokter vum Kanton Iechternach ginn. Am Joer 1843 gouf hie Gesondheetsoffizéier 2. Klass (officier de santé de 2e classe) bei der Kavallerie vum lëtzebuergesche Bundeskontingent zu Dikrech. Wéi d'Kavallerie 1847 ofgeschaaft gouf, sinn hir Leit an d'Infanterie versat a gréisstendeels op Iechternach verluecht ginn. Zu Dikrech blouf just nach een Detachement, zu deem och den Dr. Becker gehéiert huet. Den 1. Abrëll 1849 ass hien zum Gesondheetsoffizéier 1. Klass avancéiert, huet awer kuerz duerno, den 12. Juli 1849,[2] d'Arméi verlooss a sech nees als zivilen Dokter zu Iechternach niddergelooss.

Am November 1868 ass de Pierre Becker nees Kantonaldokter ginn, an der Plaz vum verstuerwenen Dr. Jean-Mathias Mayrisch, deen 1843 sengersäits dëse Poste vum Dr. Becker iwwerholl hat, wéi deen an d'Arméi gaange war. Den Dr. Becker war 1861 Grënnungsmember vun der Sociéte des sciences médicales.

De Buergermeeschter an Deputéierten[änneren | Quelltext änneren]

Am November 1851 huet de Pierre Becker bei de Gemengewale kandidéiert a gouf als leschten an de Gemengerot gewielt. Am Hierscht 1854 ass hien awer gutt erëmgewielt ginn an den 22. Dezember 1854 gouf hien zum Buergermeeschter vun der Stad Iechternach ernannt; seng deemoleg Schäffe waren den Apdikter Jean-Pierre Brimmeyr an de Postdistributeur a Proprietär Mathias Lefort.

De Pierre Becker, dee bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun Iechternach bliwwen ass, huet eng Zäit laang och an der nationaler Politik matgemëscht. Am November 1858 gouf hien nämlech an d'Chamber gewielt wou e véier Joer laang, bis zu senger Demissioun am Oktober 1862, aktiv war.

Eent vun de bekanntsten Evenementer vu senger Amtszäit als Buergermeeschter war d'Aweiung vun der Sauerlinn vun der Prënz-Hary Gesellschaft, den 20. Oktober 1873. D'Seechen erzielt, den Iechternacher Schäfferot wier deemools ze spéit op d'Gare komm, fir de Prënz Hary, dee mat dem Zuch do ukomme sollt, z'empfänken. Dohier kéim den Ausdrock: "déi Iechternacher kommen no".[3] Un där Geschicht ass awer näischt richteg: éischtens, de Schäfferot war mat Zäit op der Gare, an zweetens, den Ausdrock "déi Iechternacher kommen no", kënnt dohier, datt si an der Sprangprëssioun hanne ginn, an déi Waxweiler vir.[4]

E manner bekannt, awer desto méi tragescht Evenement, mat deem de Becker als Buergermeeschter an als Dokter ze dinn hat, war d'Choleraepidemie, déi vum 16. Mäerz bis de 14. Mee 1866 zu Iechternach gehaust an an deem Zäitraum ongeféier 110 Doudesaffer an der Abteistad gefuerdert hat. An deenen aneren Uertschafte vum Kanton war et eppes manner schlëmm. Am Ganzen hat d'Epidemie am Kanton Iechternach vu Mëtt Mäerz bis uganks August 1866 gedauert.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 165-170 (Dr. Pierre Becker, Arzt und Bürgermeister).
    H. Kugener: Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg 2005, S. 94-96.
  2. Memorial 1849, S. 733f.
  3. P. Spang: Der "Feierwoon" kommt nach Echternach. In: Harmonie municipale Echternach 1872-1972. Luxembourg 1972, S. 203-209.
  4. E. Friedrich: Der Geiger von Echternach. Zu einem kaum bekannten Gedicht des jungen Batty Weber. In: Revue 1978, N° 20 (20. Mai), S. 57.
  5. J.A. Massard: Echternach und die Cholera, S. 146.