Mathias Lefort

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mathias Lefort, gebuer de 24. Februar 1795 zu Iechternach an do gestuerwen de 15. Juli 1861, war en Iechternacher Postbeamten a Politiker.[1]

Vun 1814 un huet hien d'Post vun Iechternach, déi deemools zum Thurn-und-Taxis-Reseau gehéiert huet, geleet. Den 20. Oktober 1814 war hien "Expéditeur" genannt ginn. Wéi d'Postwiesen 1815 vum hollännesche Kinnek reorganiséiert gouf, huet de Lefort vun do un déi Iechternacher Post als "Distributeur" geleet.[2]

De Mathias Lefort war Member vum Iechternacher Gemengerot; vum 29. Dezember 1843 (Datum vun der Nominatioun) [3] u bis den 23. Abrëll 1849 war hie Buergermeeschter. Während dem Buergermeeschter Pierre Becker sengem éischte Mandat war hie Schäffen (Datum vun der Nominatioun: 22. Dezember 1854).[4]

Am Joer 1848 huet de Mathias Lefort de Kanton Iechternach an der "Constituante" vertrueden.

De Mathias Lefort, dee schonn 1823 initiéiert gi war, war ee vun de Grënner vun der "Loge St. Jean de l'Espérance", der Fräimaurerloge, déi den 11. Mäerz 1848 zu Iechternach an d'Liewe geruff ginn ass.[5]

Dem Lefort seng Eltere waren de Pierre Philippe Lefort an d'Marie Barbe Ferry. Hie selwer ass Jonggesell bliwwen.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 216.
  2. A. Christoffel (1998): Postgeschichte von Echternach, mit den Poststempeln von 1820 bis 1905. In: Echternach 698-1998: 57e Journée du Timbre Echternach. Cercle Philatélique Echternach, S. 58f.
  3. Memorial 1844, S. 15
  4. Memorial 1855, II, S. 16.
  5. R.H. Lacaf: Saint Jean de l'Espérance: Histoire d'une Loge maçonnique créée en 1848 et réveillée en 1948. In: 150e Anniversaire de la Respectable Loge Saint Jean de l'Espérance à l'Orient de Luxembourg, 1848-1998. Luxembourg 1998, S. 70, S. 16.
  6. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.