Edouard Metz
Ausgesinn
| Edouard Metz | |
|---|---|
| Gebuer |
12. Februar 1831 Konz |
| Gestuerwen |
13. Februar 1895 Eech |
| Aktivitéit | Ingenieur |
| Auszeechnungen | Officier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
Den Edouard Metz, gebuer den 12. Februar 1831 zu Konz bei Tréier, a gestuerwen den 13. Februar 1895 zu Eech, war e lëtzebuergeschen Ingenieur[1].
1852 hat hie säin Ingenieursstudium ofgeschloss a goung op d'Eecher Schmelz schaffen, déi vu sengem Monni, dem Auguste Metz, geleet gouf. 1866 gouf hien do selwer Direkter.[2]
Hie war vun 1882 bis 1884 Vizepresident a vun 1884 bis zu sengem Doud President vun der Chambre de commerce[3].
Hie war och vun 1883 bis 1890 den 1. President vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg[3].
Hie war 30 Joer Member vum Gemengerot vun der Gemeng Eech.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Chevalier vum Ordre de Léopold
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.346, op luxemburgensia.bnl.lu
- ↑ Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.53.
- 1 2 "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.348, op luxemburgensia.bnl.lu
