Émile Metz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Metz)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Émile Metz, gebuer den 23. Februar 1835 zu Eech, a gestuerwen den 13. Februar 1904 zu Dummeldeng, war den eelste Jong vum Norbert Metz.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet zu Paräis fir Ingenieur studéiert, an ass duerno eng Zäit bei d'Bridder Waring schaffe gaangen, déi Eisebunnslinne gebaut hunn.

Eréischt duerno ass en a sengem Papp säi Betrib, d'Société Metz & Cie schaffe gaangen. Op Virschlag vum Jean Meyer, dee Chef vum Laboratoire vun der Société Metz & Cie war, an deen doriwwer gelies hat, huet den Émile Metz säi Papp iwwerzeegt kritt, de Brevet fir den Thomas-Gilchrist-Procedé ze kafen, fir d'Minett z'entphosphoriséiern.

Den Émile Metz gouf Administrateur-délégué vun der Diddelenger Schmelz, der S.A. des Hauts Fournaux et Forges de Dudelange, déi 1881 opgeriicht gouf, fir ausschliisslech nom neie Procedé Stol ze produzéier. 1885, nom Doud vu sengem Papp gouf den Emile Metz Comandité-gérant vun der Société Metz & Cie.

Den Emile Metz war och an der Politik aktiv: Tëscht 1874 an 1888 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Eech, an tëscht 1885 an 1899 war en Deputéierte vum Kanton Kapellen an der Chamber.

1895, nom Doud vu sengem Koseng Edouard Metz, gouf e President vun der Handelskammer. Dëst Mandat hat hie bis zu sengem Doud 1904.

1896 hat hie sech zu Beggen e Schlass baue gelooss, wou haut d'Ambassade vu Russland dran ass.

1904 ass den Émile Metz gestuerwen. Hie war mat der Edmée Tesch bestuet, der Duechter vum Victor Tesch, dem Associé vu sengem Papp. Seng Witfra huet no sengem Doud eng Fondatioun an d'Liewe geruff, déi 1913 zu der Grënnung vum Institut Emile Metz gefouert huet, dem haitege Lycée technique privé Émile-Metz. Am Haff vum Institut steet e Monument mat enger Plack zur "dankbarer Erënnerung un d'Madame Émile Metz-Tesch".

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

1889 hat den Émile Metz 638,- Frang Steieren ze bezuelen. Sai Koseng Edouard Metz 308,- Frang an d'Société Metz & Cie der 5.806.- Den deemolegen Top-Steierzueler mat 6.000,- Frang war d'Madame Lina Lippmann-Nathan vun Heeschdref, d'Witfra vum Leo Lippmann.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N° 51 vun 1902 mat der Lëscht vun de Leit déi am Joer 1902 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg