Diamant (Rakéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Drorakéit Diamant am Loft- a Raumfaartsmusée um Bourget

D'Diamant si franséisch Drorakéite mat deenen tëscht 1965 an 1975 eng Rei vu klenge Satellitte gestart goufen. Déi Rakéite goufen a verschiddene Versioune gebaut.

Diamant A[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Versioun vun där Rakéit, mat där Frankräich säin éischte Satellit „Astérix“ de 26. November 1965 zu Hammaguir gestart huet, hat eng éischt Stuf (Diamant-1) déi baugläich mat der Émeraude-Rakéit war, vun 9,76 Meter Längt, 1,34 Meter Duerchmiesser an engem Gewiicht vu 14,685 Tonnen. Hir 4 Dreifwierker vum Typ LRBA-Vexin hu fir 93 Sekonnen e Schub vu ronn 270 kN geliwwert. Déi zweet Stuf war 4,7 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun 80 Zentimeter. Si war 2,815 Tonne schwéier an hat an 39 Sekonnen e Schub vun 165 kN entwéckelt. Déi drëtt Stuf hat eng Längt vun 1,98 Meter an en Duerchmiesser vu 66 Zentimeter. Hiert Gewiicht war 703 Kilogramm. Si hat 45 Sekonne laang gebrannt an hat dobäi e Schub vu 27 kN bis 53 kN entwéckelt. Eng komplett montéiert Diamant A war 18,95 Meter héich a war 18,4 Tonne schwéier.

Diamant B[änneren | Quelltext änneren]

D'Diamant B war eng weiderentwéckelt Versioun vun der Diamant A mat méi Schub. Hir éischt Stuf war 14,2 Meter laang, hat en Duerchmiesser vun 1,4 Meter a war 20,1 Tonne schwéier. Hir 4 Vexin-C-Motoren hunn ofhängeg vun der Fluchhéicht e Schub vun 316 kN bis 400 kN fir 110 Sekonnen entwéckelt. Déi zweet Stuf vun der Diamant B war déiselwecht wéi bei der Diamant A. Déi drëtt Stuf war 1,67 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun 80 Zentimeter. Hire P6-Motor huet fir 46 Sekonnen e Schub vu 24 bis 50 kN entwéckelt.

Eng komplett zesummegebaut Diamant B war 23,5 Meter héich a 26,990 Tonne schwéier. Si konnt eng Notzlaascht vun 160 kg op eng Héicht vun 200 km bréngen.

Diamant BP4[änneren | Quelltext änneren]

D'Diamant BP4, där hir Entwécklung am Januar 1972 ugefaange gouf, hat déiselwecht Éischt- an Drëttstuf wéi d'Diamant B. Hir zweet Stuf, déi vun engem SLBM ofgeleet war, war 2,28 Meter laang an hat 1,5 Meter Duerchmiesser an hat fir 55 Sekonnen e Schub vun 180 kN entwéckelt.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Datum Typ Startplaz Satellit Bemierkungen
26. November 1965 Diamant A Hammaguir Astérix Erfolleg
17. Februar 1966 Diamant A Hammaguir Diapason Erfolleg
8. Februar 1967 Diamant A Hammaguir Diadème 1 Deelerfolleg (Orbit ze niddreg)
15. Februar 1967 Diamant A Hammaguir Diadème 2 Erfolleg
10. Mäerz 1970 Diamant B Kourou Mika/Wika/Dial Erfolleg
12. Dezember 1970 Diamant B Kourou Péole Erfolleg
15. Abrëll 1971 Diamant B Kourou Tournesol Erfolleg
6. Dezember 1971 Diamant B Kourou Polaire Feelschlag (zweet Stuf huet versot)
21. Mee 1972 Diamant B Kourou Castor/Pollux Deelerfolleg (Schutzhauf net ofgetrennt)
6. Februar 1975 Diamant BP4 Kourou Starlette Erfolleg
17. Mee 1975 Diamant BP4 Kourou Castor/Pollux Erfolleg
27. September 1975 Diamant BP4 Kourou Aura Erfolleg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • France Durand-de Jongh: De la fusée Véronique au lanceur Ariane. Une histoire d'hommes 1945–1979. Stock, Paris 1998, ISBN 2-234-04659-9
  • Hervé Moulin: La France dans l'Espace 1959–1979 – Contribution à l'effort spatial européen. ESA Publications Division, Noordwijk 2006, ISBN 92-9092-549-3 (PDF, 2,3 MB)
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diamant (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie