Op den Inhalt sprangen

Astérix (Satellit)

Vu Wikipedia
Astérix (Satellit)
Den Satellit Astérix am Musée vum Bourget
LandFrankräich
AgenturCNES
Apogeum1697 km
Perigeum527 km
Bunnschréi34,3°
Bunn-Ëmlafzäit107,5 min
Mass42 kg
Start26. November 1965, 09:52 UTC
StartplazHammaguir (Algerien)
DrorakéitDiamant A
Statusinaktiv

Astérix ass den Numm vum éischte franséische Satellit. E gouf de 26. November 1965 vun Hammaguir aus, mat enger Drorakéit vum Typ Diamant A an en Orbit bruecht, an deem en haut nach misst sinn, well seng passiv Liewensdauer (Zäit bis en nees an d'Äerdatmosphär antrëtt) e puer honnert Joerhonnerten dauere soll. Deen 42 Kilogramm schwéieren Astérix war deen éischten Äerdsatellit deen ouni Hëllef vun den USA oder der deemoleger UdSSR gestart gouf. Trotz enger beschiedegter Antenn hat de Satellit zwéin Deeg laang Signaler geschéckt.

De Satellit, deem säi Produktiounsnumm A-1 (A fir armée) war, gouf vum Konstruktiounsteam no der Comicfigur Asterix genannt.