Op den Inhalt sprangen

Sibiu

Vu Wikipedia
Sibiu
Land Rumänien
Vewaltungseenheet Bezierk Sibiu
Buergermeeschter Klaus Iohannis
Awunner 134.308
  1. Dezember 2021
Fläch 121,000000 km²
Héicht 434 m
Koordinaten 45°48'N, 24°9'O
Postcode 550003–550550
Websäit http://www.sibiu.ro/

Sibiu (Däitsch: Hermannstadt, Ungaresch Nagyszeben) ass eng mëttelalterlech Stad a Rumänien. Sibiu läit an Transsylvanien (dt: Siebenbürgen) an huet eng 170.000 Awunner. Et ass d'Haaptstad vum Bezierk (judet) mam selwechten Numm.

Sibiu gouf am 12. Joerhonnert vun däitschen Emigrante gegrënnt. Joerhonnertelaang hu si hir Kultur a Sprooch, déi e gewësse Glach mam Lëtzebuergeschen huet, kënnen erhalen. Mä ënner dem Nicolae Ceausescu senger Diktatur, a virun allem direkt no hirem Zesummebroch 1989-90, sinn déi meescht Leit an Däitschland ausgewandert; haut si just nach tëscht 1 an 2 Prozent vun der Bevëlkerung däitschsproocheg, déi aner schwätze Rumänesch, Romanés oder Ungaresch.

Zanter dem September 2004 steet déi historesch Alstad op der UNESCO-Lëscht vum Weltkulturierwen.

2007 ass Sibiu zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg, Europäesch Kulturhaaptstad.

Commons: Sibiu – Biller, Videoen oder Audiodateien