Conrad Haas

Vu Wikipedia

De Conrad Haas, gebuer am Joer 1509 warscheinlech zu Dornbach bei Wien a gestuerwen am Joer 1576 zu Hermannstadt, Siebenbürgen, war e Militärtechniker a Rakéitepionéier.

Wie du solt machen gar schöne Rakette, die da von im selber oben hinauff in die hoch faren
Entworf vu Méistuferakéiten (1529)

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Conrad Haas hat zu Wien géint d'Tierke gekricht a koum 1551 mat der Arméi vum Ferdinand I. als Zeugwart a Béchsemeeschter op Hermannstadt, wou hien d'Leedung vum Krichsarsenal iwwerholl hat.

Tëscht 1529 a 1556 verfasst hien e Kunstbuch (Staatsarchiv Sibiu, Varia II 374), an deem hien op 282 Säiten déi deemools zwee bekannt Asazgebidder (Feierwierksdréier a Waff) vun der Rakéitentechnik beschriwwen huet. Dës Handschrëft gouf eréischt 1961 am Hermannstädter Staatsarchiv fonnt. A sengem Wierk geet den Haas op bautechnesch Detailfroe vum Rakéitebau an, woubäi hien och de Wierkungsprinzip vun der Rakéit erkläert, a vill Rakéitentype beschreift, beispillsweis d'Méistuferakéit, d'Bëndelrakéit an d'Iddi vum moderne Raumschëff. Weider beschäftegt hie sech mat der Andeelung vun den Dreifstoffsätz bei Stuferakéiten, verschiddenen Dreifstoffgemëscher inklusiv Flëssegdreifstoff a féiert deltafërmeg Stabiliséierungsflossen a klackefërmeg Düsen an. Am leschten Ofsaz vu sengem Wierk schreift hien: Aber mein Rath mehr Fried und kein Krieg, die Büchsen do sein gelassen unter dem Dach, so wird die Kugel nit verschossen, das Pulver mit verbrannt oder nass, so behielt der Fürst sein Geld, der Büchsenmeister sein Leben; das ist der Rath so Conrad Haas tut geben. Virun der Entdeckung vun dëser Handschrëft gouf déi éischt Beschreiwung vun der Dräistufe-Rakéit dem polnesche Waffeconstructeur Casimir Simienowicz a sengem Wierk Ars magna artilleriae pars prima vu 1650 zougesprach.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Kunstbuch tëscht 1529 an 1556, Handschrëft am Hermannstädter Nationalarchiv
  • Conrad Haas: Entwurf Wie du solt machen gar schöne Rakette, die da von im selber oben hinauff in die hoch faren, Manuskript vun Hermannstadt, Archiv vun der Bukarester Akademie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Bergel: Würfelspiele des Lebens: vier Portraits bedeutender Siebenbürger, Conrad Haas, Johann Martin Honigberger, Parul Richter, Arthur Phleps.– München: Meschendörfer, 1972
  • Hans Barth: Conrad Haas – Raketenpionier und Humanist, Johannis Reeg Verlag, Heilbronn 2005, ISBN 3-937320-55-5, 33 Abbildungen, 94 Seiten,
  • Frieder Schuller – Transsilvania Film GmbH – dréit 1983 fir den ORF en Dokumentarfilm iwwer de Conrad Haas, an deem och den Hermann Oberth ze gesinn ass.
  • Doru Todericiu: Preistoria Rachetei Moderne. Manuscrisul de la Sibiu 1529–1569, Editura Academiei RSR, Bucursti, 1969
  • Ernst Wagner: Geschichte der Siebenbürger Sachsen. Wort und Welt Verlag, Thaur bei Innsbruck, 1990
  • Doru Todericiu: Preistoria Rachetei Moderne. Manuscrisul de la Sibiu 1529–1569, Editura Academiei, Bucuresti, 2008

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]