Ferdinand I. (HRR)

Vu Wikipedia
Ferdinand I.
Titelen
Virgänger Karel V.
Nofollger Maximilian II.
Biographie
Gebuer 10. Mäerz 1503
Alcalá de Henares
Gestuerwen 25. Juli 1564
Wien
Papp Felipe I. vu Kastilien
Mamm Juana vu Kastilien
Geschwëster Karel V.
Kanner Maximilian II. (HRR)


De Ferdinand I., gebuer den 10. Mäerz 1503 zu Alcalá de Henares bei Madrid a grestuerwen de 25. Juli 1564 zu Wien, aus der Famill vun den Habsburger, war Äerzherzog vun Éisträich a vu 1558 bis 1564 Keeser vum Hellege Réimesche Räich.

Hie war dat véiert Kand vum Felipe I. vu Kastilien a senger Fra Juana (déi Geckeg). 1521, nom Doud vum Keeser Maximilian, krut hien d'Herrschaft iwwer d'Habsburgesch Ierflännereien, iwwerdeems säi Brudder Karel V. d'Territoiren a Spuenien an déi Spuenesch Nidderlanden krut. 1526/1527 gouf de Ferdinand Kinnek vu Béimen, Kroatien an Ungarn.

A sengen Herrschaftsgebidder huet de Ferdinand eng administrativ Organisatioun opgebaut, déi d'Basis vun der Verwaltung vun de Joerhonnerten dono gouf. Doduerch, datt e Kinnek vu Béimen, Kroatien an Ungarn gouf, konnt hien d'Basis vun der Muecht vun den Habsburger am Donauraum schafen.

Nach zu Liefzäite vu sengem Brudder Karel V. ass en de 5. Januar 1531 zu deem sengem Nofollger als Réimesch-däitsche Kinnek geweilt ginn. Hien huet de Karel och laang als Keeser vetrueden, wann deen doruechter ënnerwee war.

De 26. Februar 1558 hunn d'Kurfürsten zu Frankfurt de Ferdinand zum Keeser gewielt.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Mat senger Fra Anna vu Béimen an Ungarn (1503–1547) hat e 15 Kanner, vun deenen 3 Jongen an 9 Duechteren de Papp iwwerlieft hunn.

  1. Elisabeth (1526–1545) ∞ 1543 Sigismund II. August (1520–1572) Kinnek vu Polen
  2. Maximilian (II.) (1527–1576), Keeser vum Hellege Réimesch Räich ∞ 1548 Maria vu Spuenien (1528–1603)
  3. Anna (1528–1590) ∞ 1546 Albrecht V. (1528–1579) Herzog von Bayern
  4. Ferdinand (II.) (1529–1595), Erzherzog vun Éisträich-Tirol
    1. ∞ 1557 Philippine Welser (1527–1580)
    2. ∞ 1582 Anna Katharina Gonzaga (1529–1595)
  5. Maria (1531–1581) ∞ 1546 Wilhelm, Herzog vu Jülich, Kleve a Berg
  6. Magdalena (1532–1590), Nonn zu Hall al Tiroul
  7. Katharina (1533–1572)
    1. ∞ 1549 Francesco III. Gonzaga (1533–1550) Herzog von Mantua-Montferrat
    2. ∞ 1553 Sigismund II. August (1520–1572) Kinnek vu Polen
  8. Eleonore (1534–1594) ∞ 1561 Guglielmo Gonzaga (1538–1587) Herzog vu Mantua a Montferrat
  9. Margarethe (1536–1566), Nonn zu Hall an Tiroul
  10. Johann (1538–1539)
  11. Barbara (1539–1572) ∞ 1565 Alfonso II. d'Este (1533–1597) Herzog vu Ferrara, Modena a Reggio
  12. Karl (II.) (1540–1590), Erzherzog vun Innerösterreich ∞ 1571 Maria Anna von Bayern (1551–1608)|
  13. Ursula (1541–1543)
  14. Helena (1543–1574), Nonn zu Hall an Tiroul
  15. Johanna (1547–1578) ∞ 1565 Francesco I. de’ Medici (1541–1587) Groussherzog vun der Toskana

Seng Fra ass no der Gebuert vum Johanna un enger Infektioun gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tibor Simanyi: Er schuf das Reich: Ferdinand von Habsburg, Amalthea, Wien 1987, ISBN 3-85002-224-2.
  • Ernst Laubach: Ferdinand I. als Kaiser. Politik und Herrscherauffassung des Nachfolgers Karls V, Aschendorff, Münster 2001, ISBN 3-402-05165-6.
  • Alfred Kohler: Ferdinand I. 1503–1564. Fürst, König und Kaiser, C. H. Beck, München 2003, ISBN 3-406-50278-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand I. – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Karel V./I.
Keeser vum HRR
1556 - 1564
Nofollger:
Maximilian (II.)
Virgänger:
Ludwig II.
Kinnek vun Ungarn
1526 - 1564
Nofollger:
Maximilian (II.)
Virgänger:
Karel V./I.
Äerzherzog vun Éisträich
1521 - 1564
Nofollger:
Maximilian (II.)
Virgänger:
Ludwig II.
Kinnek vu Béimen
1526 - 1564
Nofollger:
Maximilian (II.)