Ariane 4

Vu Wikipedia
Start vun der éischter Ariane 4, enger Ariane 44LP (NASA)

D'Ariane 4 ass eng europäesch Drorakéit aus der Ariane-Serie, déi am Optrag vun der ESA entwéckelt gouf. Mat 116 Starten, vun deenen 113 erfollegräich waren, ass si dat bis elo erfollegräichst Arianemodell mat enger Zouverléissegkeet vun 97,4 %. Hiren éischte Fluch hat si de 15. Juni 1988.

D'Ariane-4-Rakéite waren tëscht 55 m an 60 m héich a konnten eng Notzlaascht vu bis zu 4,9 t an eng Geostationär Transferbunn transportéieren. D'Startgewiicht war tëscht 243 t an 480 t. D'Ariane 4 hat meeschtens zwee iwwerenee leiend Satellitten an d'Ëmlafbunn transportéiert. Dës Eegenschaft hat der Ariane 4 zu gënschtere Startpräisser gehollef an zesumme mat hirer héijer Zouverléissegkeet, Arianespace zu enger staarker Dominanz am Satellittentransportgeschäft. Arianespace hat sou iwwer Joren e Weltmaartundeel vun zirka 60 % gehalen. De leschte Fluch (den 159.) war de 15. Februar 2003.

Eréischt nom leschte Start vun der Ariane 4 gouf gemierkt, datt si eng Capacitéitsniche fir de Start vu mëttelschwéiere Kommunikatiounssatellitten ofgedeckt huet, déi elo op war. Dofir start an hirer Plaz zanter Enn 2010 d'Sojus zu Kourou.

Technesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Ariane 42P mam TOPEX/​Poseidon-Satellit (Kourou, 10. August 1992) (NASA)

D'Ariane 4 baséiert op der Ariane 3. Fir datt sech d'Rakéit u verschidde schwéier Notzlaaschten upassen an och dem Trend vun den ëmmer méi groussen Notzlaaschtmasse méi laang Zäit aushale konnt, gouf si mat engem flexibele Konzept vu Boosteren opgebessert. Domat konnt si wärend hirer ganzer Asazzäit rentabel Duebestarte maachen. Engersäits goufen d'Feststoffboostere vun der Ariane 3 staark gestreckt, fir hir Leeschtung zu erhéijen, an anerersäits goufe vun der zweeter Stuf vun der Ariane 3 nei Flëssegdreifstoffbooster ofgeleet, déi méi grouss a méi schwéier wéi déi verlängert Festdreifstoffboostere waren a méi eng héich Leeschtung wéi déi haten. Ausserdeem gouf déi éischt Stuf géigeniwwer der Ariane 3 staark gestreckt, fir méi Dreiffstoff ophuelen ze kënnen. Doduerch gouf d'Tankkapazitéit sou grouss, datt déi éischt Stuf nëmme vollgetankt konnt ginn, wa se mat op d'mannst véier Feststoffboostere gestart gouf, well soss d'Dreifwierksleeschtung net ausgereecht hätt, fir déi schwéier Rakéit ofhiewen ze loossen. Dësts hat dozou gefouert, datt bei Versiounen, bei deenen déi éischt Stuf net vollgetankt konnt ginn, d'Brennzäit méi kuerz wéi normal war, well d'Dreifwierker d'Dreifstoffreserven a kierzester Zäit verbraucht haten. Déi zweet an drëtt Stuf gouf bei der Entwécklung vun der Ariane 4 géigeniwwer der Ariane 3 net verännert. Dofir gouf eng nei Notzlaaschtverkleedung mat 4 m Duerchmiesser an eng geneesou breet Duebelstartvirrichtung agefouert. Fir nieft de grousse Satellitten och nach klenger mathuelen ze kënnen, wann nach Notzlaaschtkapazitéit fräi war, stoung d'ASAP-4-Virriichtung (Ariane Structure for Auxiliary Payloads) zur Dispositioun. Sou konnten en ettlech bis zu 60 kg schwéier Satellitten, déi 60 cm héich an 45 cm breet a laang konnte sinn, mattransportéiert ginn. D'Satellitte konnten zesummen 240 kg schwéier sinn.[1]

Wärend der Produktiounszäit vun der Ariane 4 goungen d'Satellittemassen iwwer dat ufanks fir d'Ariane 4 geplangt Mooss weider an d'Luucht, sou datt d'Ariane 4 en ettlech Modifikatioune fir Leeschtungsbesserung erlieft huet. Nieft der Aféierung vu manner schwéierem Material fir d'Verkleedungen, Drockgastanken asw. hunn dës bal nëmmen déi drëtt Stuf betraff. Déi drëtt Stuf (H 10) fir d'éischt 1992 gestreckt, fir méi Dreifstoff unhuelen ze kënnen (H 10+). Wou dëst net méi dur gaangen ass, gouf d'Dreifstoffmëschung 1994 op méi en héije Sauerstoffdeel ëmgestallt a sou d'Notzlaaschtkapazitéit nach eng Kéier verbessert (H 10 III).

Well sech d'Nofolleg Ariane 5 verspéit hat an d'Ariane 4 och nach dräimol no Feelstarten/Deelerfollegen an d'Bresch sprange gemusst hat, gouf si a méi grousser Stéckzuel a méi laang produzéiert wéi ufanks geplangt. Wärend dëser Zäit gouf et keng Programmer fir d'Verbesserung vun der Leeschtung méi. Dofir waren zum Schluss bal all Satellitte sou schwéier, datt selwer déi stäerkst Ariane-4-Versioun (Ariane 44L) meeschtens nëmme nach Eenzelstarten duerchféiere konnt.

Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Notzlaaschtverkleedung vun der Ariane 4 mat engem ERS-Satellit (Modell)

Fir verschidde schwéier Notzlaaschte stounge sechs Rakéitekonfiguratiounen zur Dispositioun. Un der renger Seriestuferakéit (Ariane 40 genannt) konnten zu der Notzlaaschterhéijung säitlech entweeder Feststoff- an/oder Flëssegdreifstoffboostere montéiert ginn. Follgend Ariane-4-Versioune stoungen zur Dispositioun:

  • 40 – ouni Booster
  • 42L – zwéi Flëssegdreifstoff-Booster
  • 42P – zwéi Feststoff-Booster
  • 44L – véier Flëssegdreifstoff-Booster
  • 44P – véier Feststoff-Booster
  • 44LP – zwéi Flëssegdreifstoff-Booster an zwéi Feststoff-Booster

Syntax: Déi éischt Zuel steet fir Ariane 4, déi zweet fir d'Zuel vun de Boosteren an de Buschtaf fir d'Dreifstoffaart – L = liquide (fr) = flësseg, P = poudre (fr) = fest.

Wärend de ronn 15 Joer Asaz goufe vill Verbesserungen un der Rakéit ëmgesat, fir hir Notzlaascht ze verbesseren. Den Haaptpunkt luch bei der verbesserter Leeschtung vun der leschter Stuf. Déi éischt Flich haten nach déi vun der Ariane 2/3 iwwerhollen H10 agesat. Dono goufen d'Tanken ëm 32 cm verlängert, wouduerch 400 kg méi Dreifstoff zougeluede konnt ginn. Dës Stuf, H-10 Plus, ass 27-mol geflunn. Vum Fluch V70 un – dem 32. Start – koum eng weider Versioun vun der Uewerstuf zum Asaz, bei där d'Mëschung duerch e Verréckele vum Tëschebuedem méi sauerstoffräich gouf. Dës H-10 III genannt Uewerstuf gouf bis zum Schluss agesat. So steigt die D'Dreifstoffzouluedung ass sou vun 10,7 op 11,9 t geklommen an zesumme mat liichtere Materialien an der VEB déi maximal Notzlaascht vu 4.330 op 4.950 kg verbessert.[2]

Gestrache Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf Pläng fir eng Ariane 43P mat dräi PAP-Feststoffboosteren. D'Versioun gouf awer net produzéiert.

Ariane-4-Versiounsdaten[änneren | Quelltext änneren]

Ariane 40

Technesch Date vun de Rakéitestufen[änneren | Quelltext änneren]

Rakéitestuf 1. Stuf 2. Stuf 3. Stuf
optionale Booster Haaptdreifwierker
Feststoff Flëssegdreifstoff Flëssegdreifstoff
Stufenumm PAP PAL L 220 L 33 H 10 III
Dreifwierk Feststoffdreifwierk Viking 6 Viking 5C Viking 4B HM-7B
Längt 12,2 m 19,0 m 25,1 m 12,2 m 11,05 m
Duerchmiesser 1,1 m 2,2 m 3,8 m 2,6 m 2,6 m
Mass 12,6 t (eidel 3,0 t) 43,8 t (eidel 4,4 t) kuckt d'Tabell uewen max. 39,6 t (eidel 3,7 t) 13,05 t (eidel 1,35 t)
Schub um Buedem 650 kN 678 kN 4× 678 kN
Schub am Vakuum 758 kN 4× 758 kN 800 kN 63,8 kN
Brennzäit 34 s 143 s kuckt d'Tabell uewen 126...135 s 780 s
Dreifstoff APCP Stéckstofftetroxid / UH 25 LOX / LH2
  • Déi H10-III-Drëttstuf gouf eréischt um Enn vum Joer 1994 agesat, virdrun waren déi schwaach H10- an H10+-Drëttstufen am Asaz.

Quellen[1],[3]

Starten[änneren | Quelltext änneren]

lénks: mobile Montagetuerm
mëtt: Startplattform, am Hannergrond de Waassertuerm vun ELA 1
riets: Starttuerm

  Haaptartikel zu dësem Theema: Lëscht vun den Ariane-4-Rakéitestarten 


All Ariane-4-Rakéite sinn vun der Startplaz ELA-2 vum Centre Spatial Guyanais an Franséisch-Guayana gestart ginn. D'Startramp ELA-2 bestoung aus:

  • engem Montagegebai, an deem d'Rakéite bis op d'Feststoffboosteren an d'Notzlaascht montéiert goufen,
  • eng Schinnestreck, op där déi op enger vun zwou transportabele Startplattforme montéiert Rakéiten op d'Startplaz mam Starttuerm gefouert goufen,
  • engem mobile Montagetuerm.

Nodeem d'Rakéit d'Startplaz erreecht hat, gouf iwwer si de Montagetuerm gefuer an déi schonn zu enger Eenheet zesummegebaut Notzlaaschtverkleedung an Duebelstartvirriichtung mat de Satellitten op d'Rakéit gesat. Och goufen – wa virgesinn – hei d'Feststoffbooster montéiert. Déi zweet Stuf gouf och am Montagetuerm betankt[4] a mat enger Isoléierung versinn (den Oxidator géif bei iwwer 21 °C verdämpen). Dono gouf de mobile Montagetuerm op d'Säit gefuer, déi éischt an drëtt Stuf vun der Rakéit betankt an dann d'Rakéit gestart, woubäi d'Isolatiounsmaterial vun der zweeter Stuf offällt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans-Martin Fischer: Europas Trägerrakete ARIANE. Geschichte und Technik zum letzten Start der ARIANE 4. Stedinger, Lemwerder 2004, ISBN 3-927697-32-X.
  • William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7.
  • Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4.
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1 Von der Diamant zur Ariane 4 – Europas steiniger Weg in den Orbit. Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3-8370-9591-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ariane 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 D'Geschicht vun der Ariane 4
  2. Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1 Von der Diamant zur Ariane 4 – Europas steiniger Weg in den Orbit. Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3-8370-9591-6.
  3. Verschiedene Autoren etc. Was ist Was Space. Abenteuer Raumfahrt. („L Éspace Comment- ça mache – â quoi ça sert.“) Tessloff Verlag, 1996, ISBN 3-7886-0778-5.
  4. *Hans-Martin Fischer: Europas Trägerrakete ARIANE. Geschichte und Technik zum letzten Start der ARIANE 4. Stedinger Verlag, Lemwerder 2004, ISBN 3-927697-32-X.