Undriff (Technik)

Vu Wikipedia
Mënsch als Undriffsmaschinn
Staangenundriff vun der Elektrolokomotiv DD1 (Pennsylvania Railroad)

An der Technik gëtt mat Undriff déi konstruktiv Eenheet bezeechent, déi eng Maschinn undreift.[1] Dat ass dacks e Motor deen eventuell mat enger Boîte oder engem anere System gekoppelt ass fir d'Kraaft z'iwwerdroen. Et gëtt tëscht Dréiundriff a Linearundriff ënnerscheet. Als primären Undriff kënnen och net-maschinell Objete wéi eventuell Zuchdéieren, Wand, Waasser dat stréimt oder fält souwéi manuellen Undriff vun engem Mënsch, ugesi ginn.

Als Ofdriff gëtt deen Deel bezeechentl, den als Notzen vun der Undriffseenheet zur Dispositioun steet. Dacks trennt eng Kupplung d'Undriffs- an d'Ofdriffssäit. Kuckt een d'Maschinn op der Ofdriffbssäit vun enger Anlag, schwätzt een och vun Aarbechtsmaschinn, wärend déi undreiwend Säit als Kraaftmaschinn bezeechent gëtt.

D'Virrichtunge fir den Undriff vun enger Maschinn hunn dacks verschidden ënnerschiddlech Wierkprinzipien, deenen hir Dréier verkoppelt sinn. Sou gëtt fir e Camion Verbrennungsenergie an engem Dieselmotor gebraucht, deen nom Prinzip vun der Kolwemaschinn an dem Kuerbelundriff ugeluecht ass an d'Dréibeweegung op d'Rieder iwwerdréit. De Camion ass domat souwuel als "Verbrennungskraaftgedriwwent Gefier" wéi och als "Gefier mat Radundriff" korrekt bezeechent.

Bezeechnung vun den Undriffsaarten[änneren | Quelltext änneren]

No der primärer Energiequell[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och Alternativ Undriffstechnik

Nom Ëmsetzungsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

Schëffsprobeller

Nom Konstruktiounsdeel um Enn vun der Ëmsetzungsketten[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zil vum Undriff[änneren | Quelltext änneren]

No der Aart vun der Beweegung[änneren | Quelltext änneren]

Kuck och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Undriff – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. A Dictionary of Aviation, David W. Wragg. ISBN 10: 0850451639 / ISBN 13: 9780850451634, 1st Edition Published by Osprey, 1973 / Published by Frederick Fell, Inc., NY, 1974 (1st American Edition.), Page 216.