Referendum vum 28. September 1919 iwwer eng Wirtschaftsunioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Referendum vum 28. September 1919 war e Referendum zu Lëtzebuerg, dat deen Dag zesumme mat deem iwwer de Statut vum Land ofgehale gouf.

Nodeem Lëtzebuerg am Dezember 1918 den Zollveräin mat Däitschland gekënnegt hat, huet d'Land sech missen en ekonomesche Partner sichen. D'Auswiel war net grouss, mä kriddeleg. D'Belsch hat d'Annektiounsgloscht opginn nodeem d'Groussherzogin Charlotte op den Troun komm war. D'Kinnekräich huet dunn un enger ekonomescher Unioun mat Lëtzebuerg geschafft an hat scho Geheimverhandlunge mat Frankräich ugefaangen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Zur Auswiel stoungen d'Belsch a Frankräich. D'Resultat vum Referendum huet eng däitlech Sprooch geschwat:

  • Fir Frankräich: 60.133 Stëmmen;
  • Fir d'Belsch: 20.242 Stëmmen.

Domat hat d'Belsch net gerechent. D'belsch Regierung, déi doriwwer eraus géint e Bestietnes vun der Groussherzogin mat dem Prënz Felix war[1] , war rosen, an huet d'diplomatesch Relatioune mat Lëtzebuerg ofgebrach. Dem Prince de Ligne seng Missioun, fir zesumme mat der Regierung "d'Union économique" auszehandelen, war domat um Enn. Mä och d'Fransousen, déi d'Belsch net widder de Kapp stousse wollten, well s'ee (geheimt) Ofkommes iwwer militäresch Zesummenaarbecht mat hinne wollten aushandelen, wollte vun enger Wirtschaftsunioun mat Lëtzebuerg näischt wëssen. D'Lëtzebuerger Regierung krut deemno matgedeelt, si sollt sech an der Ugeleeënheet mat der belscher Regierung ënnerhalen. Sou koum et, datt d'Relatioune mat der Belsch erëm opgeholl goufen, an de 25. Juli 1921, no zéie Verhandlungen, eng Konventioun iwwer d'Union économique belgo-luxembourgeoise ënnerschriwwe gouf. D'Chamber huet déi awer eréischt de 5. Mäerz 1922, no laangen an haarden Debatten, ratifizéiert.

  1. Charles Barthel, Bras de fer, Säit 99