Breskens

Vu Wikipedia
Breskens
Land Holland
Provënz Zeeland
Gemeng Sluis
Awunner (Uertschaft) 4.629 (1. Januar 2023)
Fläch 100 ha
Koordinaten 51°24'N, 3°33'O
Postcode 4510–4511
Websäit http://www.dorpsraadbreskens.nl/


Breskens ass eng Hafestiedchen op der Westerschelde. Et ass en Deel vun der Gemeng Sluis an der hollännescher Provënz Zeeland. Ronn 4.600 Awunner (2023) hunn do gelieft.

Breskens ass bekannt fir seng Visserijfeesten (e Fësch- a Fëschereifestival) am Summer.

Vun do aus kann ee mat enger Fär op Vlissingen fueren. Nodeem de Westerscheldetunnel bei Terneuzen 2003 a Betrib geholl gouf, ass déi Fär just nach fir Foussgänger a Vëloen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • De Liichttuerm vu Breskens ass vun 1867 an domat deen eelsten nach erhalenen aus Stol an Holland. Zanter 1982 gehéiert en zum geschützte Patrimoine.
  • De Fëschereimusée

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1487 huet de Maximilian I. d'Küstesträif ëm d'Scheldemëndung dem Philip vu Cleves iwwerlooss. Dës gouf dréchegeluecht, a 1510 gouf Breskens gegrënnt.

Breskens gouf den 11. September 1944, wärend der Operation Switchback, vun den Alliéierte Bommefligere bal ganz zerstéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Breskens – Biller, Videoen oder Audiodateien