Georges Rodenbach

Vu Wikipedia
Georges Rodenbach
Gebuer 16. Juli 1855
Tournai
Gestuerwen 25. Dezember 1898
Paräis
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Dichter, Journalist, Romancier, Dramatiker, Schrëftsteller, Juristesche Schrëftsteller

De Georges Rodenbach, de 16. Juli 1855 zu Tournai gebuer an de 25. Dezember 1898 zu Paräis gestuerwen, ass ee belsche symbolistesche Schrëftsteller, deen haaptsächlech duerch säi Roman Bruges-la-Morte (1892) bekannt bliwwen ass.

De Georges Rodenbach huet eng zimmlech melancholesch Kandheet zu Gent verbruecht. Do huet hie sech no an no ee poetescht Bild vun de Kanäl, vun den Tierm an iwwerhaapt vum Mëttelalter gemaach.

No sengem Droits-Studium huet hie sech zu Bréissel niddergelooss.

De Georges Rodenbach, deen ee gudde Frënd vum franséische symbolistesche Poet Stéphane Mallarmé (1842-1898) war, huet 1879 Les tristesses zu Paräis publizéiert, ee Gedichtband an deem däitlech en neien an eegenen Toun ze héiere war.

1880 huet en zu Bréissel, am Kontext vun de 50-Joer-Feierlechkeete vun der belscher Onofhängegkeet, eng schmuel patriotesch Broschür vun 23 Säiten ënnert dem Titel La Belgique - 1830-1880 - poème historique erausginn.

1881 huet de Georges Rodenbach La mer élégante zu Paräis an den Éditions Lemerre publizéiert. Am Dezember vum selwechte Joer, wéi op der Universitéit vu Bréissel déi éischt Nummer vun der literarescher Revue La Jeune Belgique erauskoum, war de Rodenbach mat enger poetescher Contributioun derbäi an och nach duerno. Allerdéngs huet d'Revue 1892 säi Roman Bruges-la-Morte mat engem Rezept fir "Plum-Pudding" verglach..., an et war schonn 1887, wéinst hefteg-ironescher Kritik vu senge Gedichter, zum Broch mat där Zäitschrëft komm.

1888 huet hie sech zu Paräis niddergelooss, well, wéi hie sot: "Paris donne le recul, crée la nostalgie". An der franséischer Haaptstad konnt hien op Frëndschaft vum Alphonse Daudet, vum Auguste Rodin a vum jonke Marcel Proust zielen.

Obwuel scho laang krank, konnt de G. Rodenbach 1897 nach Le Carillonneur publizéieren, ee Wierk, dat awer wéinst dem Succès vu Bruges-la-morte zimmlech verkannt bliwwen ass. Bruges-la-Morte huet ë. a. den Thomas Mann (Tod in Venedig), de Rainer Maria Rilke (Neue Gedichte), de Lionello Fiumi an de Marino Moretti inspiréiert.

Um Owend vum 25. Dezember 1898 ass de G. Rodenbach mat nëmmen 43 Joer un enger Blinddaarmentzündung gestuerwen. Hie gouf um Paräisser Kierfecht Père-Lachaise begruewen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruges-la-Morte, 1892.
  • Le Voyage dans les yeux, 1893.
  • Le Voile; Drama, deen den 21. Mee 1894 an der Comédie-Française uropgefouert gouf.
  • L'Agonie du soleil, 1894.
  • Musée de béguines, 1894.
  • Le Tombeau de Baudelaire, 1894.
  • La Vocation, 1895.
  • À propos de "Manette Salomon". L'Œuvre des Goncourt, 1896.
  • Les Tombeaux, 1896.
  • Le Carillonneur, 1897.
  • Les Tristesses
  • La mer élégante

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Bertrand, Michel Biron, Benoît Denis & Rainier Grutman (ënner der Leedung vun), mam der Mataarbecht vum David Vrydaghs, Histoire de la littérature belge 1830-2000; Paräis (Fayard), 2003; 670 Säiten. ISBN 2-213-61709-0
  • Michel Joiret & Marie-Ange Bernard, Littérature belge de langue française; Bréissel (Didier Hatier); 480 Säiten.
  • Patrick Laude, Rodenbach - Les décors du silence; Bréissel (Labor); 129 Säiten. ISBN 2-8040-0533-X
  • Joël Goffin, Sur les pas des écrivains de Bruges à Damme; Bréissel & Louvain-la-Neuve (Les éditions de l'Octogone; coll. "Promenades - découvertes"), 2006 (nei verbessert Ausgab). ISBN 2-930076-80-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]