Jang-de-Blannen-Gedenkplack um Bock

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jang-de-Blannen-Gedenkplack um Bock
Laténgesch Opschrëft op der Gedenkplack
Typ Gedenkplack
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Bockfiels
Koordinaten 49°36'42,66"N, 6°8'15,29"O
Material Bronz
Zu Éiere vun Jang de Blannen

D'Jang-de-Blannen-Gedenkplack um Bock ass eng bronzen Erënnerungsplack un de Johann vu Lëtzebuerg, genannt Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg, vu Chiny, a Kinnek vu Béimen (1296 - 1346), deen um Bock gebuer gouf.

D'Plack hänkt un engem Fiels am Clausener Bierg, ënnerzech vum Bockfiels.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Monument war jee zu Lëtzebuerg sollt opgeriicht ginn, war als Denkmal un de Jang de Blanne geduecht. Et ware scho Suen an engem Denkmalfonds gesammelt ginn an et war och schonn eng méiglech Plaz fir d'Monument erausgesicht ginn. Et sollt op e Fielsvirspronk am Eecher Bierg stoe kommen.

No engem gewëssen Hin an Hier wéinst der Plaz wou et sollt opgestallt ginn, ass d'Iddi vum Monument lues a lues am Sand verlaf. Schlussendlech gouf just eng Gedenkplack um Bock opgehaangen[1].

Text op der Plack[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plack steet dëse laténgeschen Text[2]:

Ioanni

Comiti Luxemburgensi praedilecto

Regi Bohemiae

Henrici VII imperatoris filio primogenito

Caroli IV Augusti patri strenuissimo

Heroi Cressiaco

Soli huius natalis post mortem exsuli

Urbs patria memor

1296-1346

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Léon Blasen, Die Denkmäler der Stadt Luxemburg, Télécran 1985, Nr. 2
  2. op (fr): À Jean / notre très aimé comte de Luxembourg / roi de Bohème / fils premier né de l'empereur Henri VII / père très entreprenant de l'empereur Charles IV / héros de Crécy / qui après sa mort, était banni de son sol natal / sa ville patrie, qui garde sa mémoire / 1296-1346 (Quell: http://www.al.lu/latin/francais/flboc.htm)