Marie vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Marie vu Lëtzebuerg
Titelen
Kinnigin vu Frankräich
Zäit 1322 bis 1324
Biographie
Gebuer 1305 jul.
Gestuerwen 26. Mäerz 1324 jul.
Issoudun
Bestuet mat Karel IV.
Papp Heinrich VII. vu Lëtzebuerg
Mamm Margréit vu Brabant
Geschwëster Beatrice vu Lëtzebuerg, Jang de Blannen

D'Marie vu Lëtzebuerg, gebuer 1304 a gestuerwen den 21. Mäerz 1324 zu Issoudun, war d'Duechter vum Lëtzebuerger Grof a spéidere Keeser Heinrich VII. an duerch Bestietnes mam Charles IV. Kinnigin vu Frankräich.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie gouf 1304 als Duechter vum spéidere réimesch-däitsche Keeser Heinrich VII. a senger Fra Marguerite vu Brabant gebuer. Si war d'Sëschter vum béimesche Kinnek Jang de Blannen. Den 21. September 1322 gouf si zu Provins mam franséische Kinnek Charles IV. bestuet. Dat war deem säin zweet Bestietnes, nodeems de Poopst Jean XXII. säin éischt Bestietnes mat der Blanche vun der Bourgogne den 19. Mee 1322 annuléiert hat. De Charles, drëtten a jéngste Jong vum Philippe IV., war eréischt e puer Méint virdrun zum Kinnek gekréint ginn an dëst Bestietnes sollt d'Allianze vun de Kapetinger am Oste vu Frankräich stäerken.

1323 huet d'Marie eng Duechter, d'Marguerite, op d'Welt bruecht, déi awer kuerz dono gestuerwen ass. 1324 gouf si, op der Réckrees vun Toulouse op Paräis, wéi hir Kutsch an e Gruef getippt ass, schwéier blesséiert. Si gouf op Issoudun bruecht, wou hire Puppelechen, de Louis, als Fréigebuert op d'Welt koum, hien huet awer nëmmen e puer Stonne gelieft. Och d'Marie ass den 21. Mäerz 1324 un de Follge vun deem Accident mat just 19 Joer gestuerwen. Si gouf an der Dominikanerkierch zu Montargis begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerd Treffer: Die französischen Königinnen. Von Bertrada bis Marie Antoinette (8.-18. Jahrhundert). Pustet, Regensburg 1996, ISBN 3-7917-1530-5, S. 176–177.
  • Bernhard Töpfer: Karl IV. In: Joachim Ehlers (Hrsg.): Die französischen Könige des Mittelalters. Von Odo bis Karl VIII. 888–1498. 1. Auflage. Beck, München 1996, ISBN 978-3-406-54739-3, S. 231, 245–246.
Betietnes vun der Marie vu Lëtzebuerg mam Charles IV. vu Frankräich; Miniatur vum Jean Fouquet an de Grandes Chroniques de France.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien