Péiter vun Uespelt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Péiter vun Uespelt
Aspelt Peter.jpg
De Péiter vun Uespelt, am Codex Balduini Trevirensis.
Gebuer 1240 (Julian)
Uespelt
Gestuerwen 4. Juni 1320 jul.
Mainz
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, kathoulesche Priister
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Dem Péiter vun Uespelt säi Graf.

De Péiter vun Uespelt, tëscht 1240 an 1245, mat grousser Warscheinlechkeet zu Tréier[1] gebuer, a gestuerwen de 5. Mee 1320 zu Mainz, war Bëschof vu Basel, Kanzler vu Béimen a, vun 1306 bis zu sengem Doud, Äerzbëschof vu Mainz. Hie war ausserdeem de Grënner vum Karthaiserklouschter vu Mainz.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war der Rei no Titulaire vun der Par Bartreng (wou e sech allerdéngs ni gewisen huet, mä vu sengem Monni Paulin vertruede gouf), Kaploun an Hausdokter um Haff vum Rudolph vun Habsburg, Doumprobst zu Tréier, dunn zu Prag, vun 1297 bis 1305 Bëschof vu Basel a Kanzler vu Béimen, a vun 1306 bis 1320 Äerzbëschof vu Mainz.

De Péiter vun Uespelt war e wichtegen Acteur an der Entwécklung vun de Lëtzebuerger hirer Hausmuechtpolitik: Hien huet eng wichteg Roll bei der Wal vum Heinrich VII. zum däitsche Keeser gespillt, an hien huet et, als dichtegen Diplomat, fäerdegbruecht, datt de Jang vu Lëtzebuerg (spéider als "Jang de Blanne" bekannt) déi eenzeg Ierwin vu Béimen, d'Elisabeth, bestuede konnt, wat him dann och d'Kinnekskroun vun deem Land abruecht huet.

Hien huet souwuel de Jang vu Lëtzebuerg zum Kinnek vu Béimen wéi och de Ludwig IV. vu Bayern zum réimesch-däitsche Keeser gekréint.

Hie läit am Doum vu Mainz begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arens, Marianne, 1949. Die Reichspolitik des Erzbischofs von Mainz Peter von Aspelt 1306–1320, Diss., Freiburg im Breisgau.
  • Bockenheimer, Karl Georg, 1887. Peter von Aspelt, Erzbischof von Mainz. In: Allgemeine Deutsche Biographie (ADB). Band 25, Duncker & Humblot, Leipzig 1887, S. 465–467.
  • Haarländer, Stephanie, 2001. Peter von Aspelt. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 20, Duncker & Humblot, Berlin 2001, ISBN 3-428-00201-6, S. 222 (Digitalisat).
  • Haag, Emile, 2011. Pierre d'Aspelt *1245 1320: le rôle européen d'un personnage d'exception, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 98-103.
  • Heidemann, Julius, 1875. Peter von Aspelt als Kirchenfürst und Staatsmann: Ein Beitrag zur Geschichte Deutschlands im 13. und 14. Jahrhundert. Weidmann, Berlin 1875.
  • Jurot, Romain, 2002. Aspelt, Peter von. Historisches Lexikon der Schweiz Bd. 1, Schwabe, Basel, ISBN 978-3-7965-1901-7.
  • Anthologie Nicolas van Werveke, verëffentlecht vun der Société des Amis de Nicolas van Werveke, mat enger Préface vum Jules Vannérus an engem Virwuert vum Edouard Oster; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie de la Cour Victor Bück), 1956; vgl. d'Ss. 151-154.
  • Kirt, David, 2013. Peter von Aspelt (1240/45-1320) - Ein spätmittelalterlicher Kirchenfürst zwischen Luxemburg, Böhmen und dem Reich. Dokterthes (Uni.lu 2011), publizéiert vu Les amis de l'histoire - Luxembourg, Bd. 24 (2013), 384 S. (ill.), ISBN 978-2-919884-24-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péiter vun Uespelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Anthologie Nicolas van Werveke (1956), S. 151: "Peters Vater war ein einfacher Trierer Bürger, der zwar aus Aspelt stammte, vielleicht auch auf irgend eine Weise mit dem adligen Geschlecht der Herren von Aspelt zusammenhing, aber selbst nicht adlig war. Er war auch zu Trier geboren, wie einige fast gleichzeitige Quellen auf das bestimmteste berichten."