Abd ar-Rahman al-Bazzaz

Vu Wikipedia
Abd ar-Rahman al-Bazzaz
Gebuer 20. Februar 1913
Bagdad
Gestuerwen 28. Juni 1973
Bagdad
Nationalitéit Irak
Educatioun King’s College London,
The Dickson Poon School of Law
Aktivitéit Riichter, Politiker, Diplomat, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
Partei Baath-Partei


Den Abd ar-Rahman al-Bazzaz, och Abdul Rahman al-Bazzaz (Arabesch: عبد الرحمن البزاز), gebuer den 20. Februar 1913 a gestuerwen den 28. Juni 1973, war en irakesche Regierungsadministrateur.

Hie war vum 1. Mee 1964 bis den 30. Abrëll 1965 Generalsekretär vun der OPEC.

Duerno war hien am Joer 1965 eng Zäit laang Ausseminister a Premierminister vum Irak. Vum 13. Abrëll bis de 16. Abrëll 1966 war hien Interimspresident nom Doud vum Abd as-Salam Arif. No him gouf dem Arif säi Brudder, den Abd ar-Rahman Arif, President. Am August 1966 huet e seng Plaz als Premier opginn, a säin Nofollger gouf den Naji Talib.