Ernst Reischenböck

Vu Wikipedia
Ernst Reischenböck
Gebuer 1923
Linz
Gestuerwen 13. Oktober 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Moler

Den Ernst Reischenböck, gebuer 1923 zu Linz, a gestuerwen den 13. Oktober 1973 an der Stad Lëtzebuerg, war e éisträichesche Moler a Graphiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Reischenböck huet op der Kunstgewerbeschule zu Linz beim Paul Ikrath studéiert. An den 1950er-Joren ass hie mam Auto queesch duerch Europa gefuer an huet seng Andréck a sengen Aarbechte festgehalen. D'Vuë vun de Stied huet hie gemenkerhand mat Uelegfaarf op Pabeier gezeechent. Vun 1965 un huet hie grouss Wandteppecher mat der Bitzmaschinn gemaacht, woubäi hien den Ëmgang mat dësem Geschier fir d'éischt huet misse léieren.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Seng Wierker goufen ë. a. vum Lëtzebuerger Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, vum Ueweréisträichesche Landesmusée, vum Lentos Kunstmuseum Linz grad ewéi vum éisträichesche Ministère fir Konscht opkaaft. D'Kunsthalle Artemons zu Hellmonsödt huet och Wierker vum Reischenböck.

  • Institut Héliar (1963). Héliar Weilerbach. Zeechnung op der Titelsäit vum Ernst Reischenböck
  • Jacoby, L., & Reischenböck, Ernst. (1963). Luxemburg. Klierf, A. Jacoby. Billerband fir de Millenaire vun der Stad Lëtzebuerg
  • Jacoby, L., & Reischenböck, Ernst. (1963). Der Grenzstein. Lëtzebuerg, Ed. Saint-Paul. Mat 15 Zeechnunge vum Ernst Reischenböck
  • 12 Glasfënsteren am Elisabetherinneklouschter zu Linz
  • 4 × 3 Meter grousse Mosaik an der Kapell um Mutferter Kierfecht
  • Rote Dächer, Mëschtechnik op Pabeier
  • Liebespaar (1957), Mëschtechnik auf Kartong
  • Linz Nibelungenbrücke (1968), Mëschtechnik auf Kartong
  • Ansicht von Linz – Hofgasse (1923), Ueleg/Plack
  • Küssendes Paar, Mëschtechnik/Pabeier
  • Frauendarstellungen (1951), Mëschtechnik/Pabeier

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]