Alexander N. Vyssotsky

Vu Wikipedia
Alexander N. Vyssotsky
Gebuer 23. Mee 1888
Moskau
Gestuerwen 31. Dezember 1973
Nationalitéit USA, Russescht Keeserräich
Educatioun Universitéit vu Virginia
Aktivitéit Astronom

Den Alexander N. Vyssotsky (russesch:Александр Николаевич Высоцкий), gebuer den 23. Mee 1888 zu Moskau, deemools am russesche Keeserräich a gestuerwen den 31. Dezember 1973 zu Winter Park a Florida, war e russesch-amerikaneschen Astronom.

A senger 35-järeger astronomescher Aarbecht um Leander McCormick Observatory vun der Universitéit vu Virginia hat hien en ettlech Wierker publizéiert. Säi bekanntst Wierk huet den Titel: Dwarf M Stars Found Spectrophotometrically. Et war déi éischt Lëscht vun noe Stären, déi net duerch hir Beweegungen um Himmel identifizéiert goufen, mä duerch hir spezifesch, spektroskopesch Eegenschaften. Fir seng Aarbecht huet de Vyssotsky en 10-Zoll-Astrograf benotzt.

1929 hat hien d'Astronomin Emma T. R. Williams vu Philadelphia bestuet. Mat hir hat hien e Jong, de Victor A. Vyssotsky.

Entdeckungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

1942 hat hien de planetareschen Niwwel Vy 1-2 entdeckt an 1945 de Vy 2-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]