Astrograph

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Astrograf)
6"-Duebelastrograph vum Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl, f=250 cm, d=15 cm
Bruce-Duebelastrograph vum Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl, f=200 cm, d=40 cm

Astrographe si speziell Kameraen, déi fir déi wëssenschaftlech Astrofotografie agesat ginn. Si hunn d'Fäegkeet, trotz laange Brennwäite grouss Felder um Himmel z'erfaassen a liichtstaark duerzestellen.

Fir déi Aarbecht sollen hir Objektiver ee besonnesch grousst (z. B. 300 mm × 300 mm), méiglechst verzeechnungsfräit a flaacht Bildfeld liwweren. Den Ofbildungsmoossstaf iwwer engem grousse Spektralberäich soll konstant bleiwen, a sech beim Ofkillen nuets net ze staark änneren. Mat Lënsenobjektiver goufe schonn ëm d'Joerhonnertwenn Optike mat 40 cm Ëffnung gebaut (kuckt dozou d'Bild vum Bruce-Duebelastrograph).

Duebelastrographen[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch Duebelastrographe waren en nëtzlecht Hëllefsmëttel vun der praktescher Astronomie. Si goufe bis an déi 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert produzéiert. Dobäi ginn zwou gläichaarteg Kamerae mat enger parallaktescher Montéierung prezis de Stären nogefouert. Mat engem ënnerschiddlechen Ekipement vun den Astrographe mat Faarffilter oder mat engem Prisma virun engem vun den zwee Objektiver kënnen zur sewelchter Zäit Vergläichsfotoe vum selwechten Himmelsgebitt, awer mat ënnerschiddlechen Informatioune gemaach ginn.
Sou kritt ee Fotoe vum selwechten Himmelskierper, déi sech nëmmen an der Faarf ënnerscheeden oder eng normal Foto an eng, op där d'Stären zu engem Spektrum auserneegezu goufen. Et ass och méiglech, eng vun de Fotoplacke relativ zum ganzen Instrument ze beweegen. Mat där Method kritt een eng normal Foto vun enger bestëmmter Himmelsgéigend, op där e Koméit oder Planetoid als Stréchspur duergestallt gëtt an eng zweet Foto, op deem déi Objete schaarf fotograféiert ginn an d'Stären, als Strécher. Zanter den Ufänk vun der Astrofotografie déngen déi zweet Placken och fir d'Bestätegung, fir net Plackefeeler oder Lichtreflexer als neientdeckt Himmelskierper falsch z'interpretéieren.

Optesch Bauweis[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert goufen Objektiver fir Astrographe gebraucht, déi den deemolegen Foto-Objektiver am Opbau geglach hunn. Dat waren deemools symmetresch opgebaut Objektiver mat dräi Lënsen. Tëscht zwou bikonvexe Lënse war eng bikonkav Lëns. Fir d'Fotografie gouf dat System duerch Ännerung vun der hënneschter Lëns an e Kittglitt aus zwee verschiddene Glieser, zu dem bekannten Tessar weiderentwéckelt. Den Optikrechner August Sonnefeld ass 1932 fir grouss Astrographenobjektiver en anere Wee gaangen. Hien huet d'Frontlëns an zwou Bikonvexlënsen opgespléckt déi hoergenee d'selwecht waren, a krut doduerch en optescht System dat bal ideal ass, den Astro-Véierlënser.

Haut ginn an der Astrofotografie fir déi selwecht Aarbechte Schmidt-Kameraen a Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskope gebraucht, déi och e ganz grousst Bildfeld hunn. Lënsenteleskope ginn an der wëssenschaftlecher Astronomie haut manner benotzt. Och de Prinzip vum Duebelteleskop gëtt an der Tëschenzäit fir en aneren Zweck gebraucht, nämlech fir d'Interferometrie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Sonnefeld: Die Bedeutung der Vierlinser für die Astro-Optik, in Zeiss-Nachrichten, 2 (1932) S. 15–20

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Astrograph – Biller, Videoen oder Audiodateien