Hans Vehrenberg

Vu Wikipedia
Hans Vehrenberg
Gebuer 6. Mäerz 1910
Emden
Gestuerwen 2. August 1991
Düsseldorf
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom, Steierberoder

Den Hans Vehrenberg, gebuer de 6. Mäerz 1910 zu Emden a gestuerwen den 2. August 1991 zu Düsseldorf war en däitsche Steierberoder, Jurist an Amateurastronom, deen an der Astronomie duerch seng praxisorientéiert, fotografesch Stärenatlante bekannt gouf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Laang Zäit hat hie säin ufanks juristesche Treugesell-Verlag geleet, an deem hie spéider seng astronomesch Bicher publizéiert hat. Wärend engem Joerzéngt war hien och Editeur vu Sterne und Weltraum an huet e Versandhandel mat astronomeschen Artikele bedriwwen.

Säin éischt astronomescht Wierk war de "Falkauer Atlas", e fotografesche Stärenatlas op 303 Blieder mat jee 12x12° Bildfeld. Hie gouf am Ufank vun den 1960er Jore mat zwéin Astrographen op dem Privatobservatoire vum Vehrenberg am Schwarzwald opgeholl an ass bis zu der 13. Stäregréissteklass gaangen. Duerch seng präisgënschteg, awer praxisgerecht Opmaachung goufe seng Stärenatlanten zimmlech populär.

1964 hat de Vehrenberg den Falkauer Atlas ëm 125 Fotoe vum Südhimmel vergréissert, déi hien um Boyden Observatoire zu Bloemfontein a Südafrika gemaach hat. Am nächste Joerzéngt koum säin "Atlas Stellarum" mat Equinoxe 1950.0 mat am Ganze 450 Kaarten eraus. Dee Katalog gouf e weltwäit verbreet Aarbechtsmëttel fir Amateur- wéi och fir Beruffsastronomen. De Katalog geet bis zu der 14. Stäregréisst.

Seng weider Wierker sinn "Mein Messier-Buch", dat hien a spéideren - och engleschen - Oploen als "Atlas der schönsten Himmelsobjekte" bezeechent hat, den "Atlas of Selected Areas", dat dräibändegt Wierk "Atlas Galaktischer Nebel" an d'"Handbuch der Sternbilder" souwéi e Mëllechstroossefotomosaik a verschidde Fachartikelen zu den Theemen Astrofotografie an Deep Sky-Objeten.

D'Wierker vum Hans Vehrenberg sinn haut an digitaler Form op DVD ze kréien, woubäi 2011 och fir d'éischt dat ganzt Fotoarchiv der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach soll ginn. Eng Websäit iwwer seng Wierker ass am Opbau.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Werke von Hans Vehrenberg in digitaler Form.

  • Nachruf auf Hans Vehrenberg. Mitteilungen der Astronomischen Gesellschaft, Band 75, 1992, S. 11/12 (Webusiicht)
  • STELLARUM

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]