Deep Sky

Vu Wikipedia
Ettlech astronomesch Niwwelen am Stärebild Orion zielen als Deep-Sky-Objeten

Ënner dem Begrëff Deep Sky (wiertlech: „déiwen Himmel“) ginn an der Amateurastronomie déijeeneg optesch observéiert Himmelskierper zesummegefaasst, déi baussenzeg vun eisem Sonnesystem sinn (also keng Asteroiden, Planéiten oder Koméiten), an déi och keng eenzel Stäre sinn. Zu hinnen zielen ënner anerem all Stärekéip, astronomesch Niwwelen a Galaxien.

Et gëtt keng Klassifizéierung vun Objeten am Zesummenhank mat hirer Distanz gemaach. Sou kënnen Deep-Sky-Objete relativ no (Messier 45: 430 Liichtjoer), oder och wäit ewech sinn (Messier 51: ongeféier 35 Mio. Liichtjoer).

Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi visuell a fotografesch Observatioun vun Deep-Sky-Objeten ass bei den Amateurastronomen staark beléift. E puer vun dësen Objete kënne scho mat bloussem A gesi ginn, zum Beispill: Andromedaniwwel, den oppene Stärekoup Messier 45, den Orionniwwel an de Kugelstärekoup Messier 22.

Fir eng visuell Observatioun vun Deep-Sky-Objeten soll een awer optesch Instrumenter mat groussen Objektive gebrauchen. Fir d'Observatioun sinn meeschtens kleng Vergréisserunge vu Virdeel, fir datt méiglechst vill Liicht an d'A kënnt. Et kann een dann natierlech d'Vergréisserung fir d'Detailobservatiounen unhiewen.

Vill Deep-Sky-Objete si scho mat einfachen opteschen Hëllefsmëttele wéi z. B. mat enger Spektiv ze kucken. Fir Detailobservatioune gebrauchen d'Hobbyastronomen Spigelteleskope.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Deep-Sky-Objete ware schonn an der Antiquitéit bekannt. Awer eréischt am 18. Joerhonnert, nodeem systematesch no Koméite gesicht gouf, war et wichteg ginn, déi niwweleg aner Himmelsobjete vun de Koméiten z'ënnerscheeden. De franséischen Astronom Charles Messier huet am 18. Joerhonnert d'Positioune vun 110 Objeten (Messier-Katalog) festgehalen. Zanterhier goufen ëmmer méi vun dësen Objete fonnt. 1888 verfaasst de John Dreyer de berüümten New General Catalogue, an deem ronn 8.000 Objeten dra stinn..

Eng wichteg Duerchmusterung war d'Hubble Deep Field 1995, Hubble Deep Field South 1998, an d'Hubble Ultra Deep Field 2004, dat bis dato wäitest astronomescht Bild, dat jeemools am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf.

Deep-Sky-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]