Op den Inhalt sprangen

Boyden Observatoire

Vu Wikipedia
Boyden Observatoire
Typ Astronomeschen Observatoire
MPC-Code 074
Datum vum Bau 1889
Websäit http://www.assabfn.co.za/friendsofboyden/boyden.htm
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Südafrika
Koordinaten 29°2'20"S, 26°24'17"O
Héicht 1.372 m

De Boyden Observatoire ass en astronomeschen Observatoire an e wëssenschaftlecht Institut mat ugeschlossener Léier.

E gouf ufanks vun der Harvard Universitéit an der Géigend vu Lima am Peru am Joer 1889 gegrënnt. Am Joer 1927 ass en op déi haiteg Standplaz, südlech vun der klenger Uertschaft Maselspoort, nordëstlech vun der Stad Bloemfontein a Südafrika geplënnert. E gëtt vun der University of the Free State geréiert. Den Observatoire gouf nom Uriah A. Boyden (18041879) genannt, deen a sengem Testament dem Harvard College Observatoire 238.000 US-Dollar fir astronomesch Zwecker gestëft hat. Säin éischten a laangjäregen Direkter war den John S. Paraskevopoulos.

Den Observatoire huet den drëttgréissten opteschen Teleskop a Südafrika. Et ass den 1,5 m UFS-Boyden Rockefeller-Reflekter. Aner Teleskope sinn den 33 cm Alvan Clark-Refrakter, dee méi wéi honnert Joer al ass, den historesche 25 cm Metcalf Triplet-Teleskop, de 40 cm Nishimura Reflekter, de 40 cm Watcher-Roboterteleskop, en 20 cm Coelostat-Sonnenteleskop a vill kleng a mobil Teleskopen.

Entdeckt goufe 4 Asteroiden
(4301) 1966 PM7. August 1966
(5298) 1966 PK7. August 1966
(11781) 1966 PL7. August 1966
(14310) 1966 PP7. August 1966

Portal Astronomie

 Commons: Boyden Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]