John Stefanos Paraskevopoulos

Vu Wikipedia
John Stefanos Paraskevopoulos
Gebuer 20. Juni 1889
Piräus
Gestuerwen 15. Mäerz 1951
Südafrika
Nationalitéit Südafrika, Griicheland
Educatioun Universitéit vun Athen
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Astronomical Society

De John Stefanos Paraskevopoulos, gebuer den 20. Juni 1889 a gestuerwen de 15. Mäerz 1951, war e griichesch-südafrikaneschen Astronom.

De Paraskevopoulos gouf um Piräus gebuer an huet op der Universitéit vun Athen studéiert. Wärend dem Balkankrich an dem Éischte Weltkrich war hien an der griichescher Arméi.

Am Joer 1919 ass hien an d'USA gaange fir am Yerkes-Observatoire ze schaffen. Zwee Joer méi spéit kéint hien nees zeréck op Athen a gëtt am Alter vun nëmmen 32 Joer Chef vum Athener Observatoire.

Wéinst knappe Finanzmëttelen huet hie seng Fuerschungsaarbechten am Athener Observatoire opginn an ass am Optrag vum Harvard College Observatoire op Arequipa an de Peru gaangen, fir an der Boyden-Statioun ze schaffen. De Paraskevopoulos huet verlaangt, wéinst bessere Wiederbedéngungen den Observatoire vun Arequipa a Südafrika ze verleeën. Als Direkter vum Boyden Observatoire huet hie, vun 1927 bis zu sengem Doud am Joer 1951 a Südafrika, gefuerscht. De Paraskevopoulos war och Entdecker vun e puer Koméiten.

De Paraskevopoulos-Krater um Mound gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]