Op den Inhalt sprangen

Leander McCormick Observatory

Vu Wikipedia
Leander McCormick Observatory
Typ Astronomeschen Observatoire
MPC-Code 780
Architekt(en) Alvan Clark & Sons
Websäit http://www.astro.virginia.edu/research/observatories/McCormick.php
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Regioun/Gemeng Albemarle County
Koordinaten 38°1'59"N, 78°31'19"W
Leander McCormick Observatory, 1890

De McCormick Observatory ass en Observatoire vun der University of Virginia a steet zu Charlottesville am Virginia (USA) um Bierg Mount Jefferson, deen dofir och Observatory Hill genannt gëtt.[1]

Den Observatoire ass nom Leander J. McCormick genannt, deen e Groussdeel vun de Sue fir den Teleskop an den Doum gespent hat. Den Observatoire gouf 1885 fäerdeg gebaut an huet e Lënsenteleskop mat engem Duerchmiesser vu 65 cm, hiergestallt vun Alvan Clark & Sons. D'Kuppel huet en Duerchmiesser vu ronn 15 Meter a gouf vum Warner and Swasey entworf.

D'wëssenschaftlech Ënnersich hu sech op d'Distanzbestëmmung vu Stären no der Parallaxe-Method konzentréiert, op dës Aart a Weis goufen Dausende Stäre vermooss. Den Observatoire gëtt hautdesdaags gebraucht fir d'Studenten auszebilden an de Leit déi populär Astronomie méi no ze bréngen.

  • Letter to the Hon. R. W. Thompson, Secretary of the Navy, Announcing the Discovery of the Satellites of Mars, in Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, 1877, vol 37, page 443-445, by John Rodgers
  • History of McCormick Observatory

Portal Astronomie

 Commons: Leander McCormick Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. University of Virginia Astronomy Department Archivéiert den 20.02.2016. Gekuckt den 29.06.2011.