Marc Meyers

Vu Wikipedia
Marc Meyers
Gebuer 14. November 1973
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Trombonnist, Member vum Staatsrot

De Marc Meyers, gebuer de 14. November 1973, ass e Lëtzebuerger Trombonnist an zënter 2011 Direkter vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Musikalesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet scho mat 6 Joer mat der Musek ugefaangen. Seng éischt Schrëtt am Solfège an am Piano féieren hien direkt zum Instrument, dat seng weider Karriär markéiert: D'Trombonn. No 5 Joer an der Diddelenger Museksschoul, an der Klass vu sengem Papp, dem René Meyers, huet de Marc noeneen den éischte Präis mat Distinctioun am Solfège, den éischte Präis an de Prix de capacité an der Trombonn gemaach.

Duerno huet de jonke Museker, aktive Member an der Diddelenger Stadmusek, säi Studium um Conservatoire national de région zu Metz fortgesat, ënner anerem an der Trombonneklass vum Gilles Senon, wou de Marc am éischte Joer eng Goldmedail à l'unanimité krut (1990). No der "Première" studéiert de Marc zu Köln op der Musekshéichschoul an der Klass vum Michel Becquet. Zanterhier féiere seng musikalesch Aktivitéiten hie queesch duerch Europa (Däitschland, Frankräich, Belsch, Portugal, Holland, Italien, Russland, Slowakei) bis an Nordamerika.

Seng Relatioune mam Stater Conservatoire féieren zu engem Premier Prix Interrégional de trombone à l'unanimité an der Klass vum Jean-Paul Frisch, engem Prix de capacité de musique de chambre mat Distinctioun, engem éischte Präis am Jazz mat Distinctioun an och engem éischte Präis am Orchesterdirigéieren. Seng Studien an Däitschland schléisst hien 1997 mat engem diplôme final de trombone of.

Vun 1992 bis 1997 ass de Marc Meyers Solo-Trombonnist am Harmoniesorchester vum Stater Conservatoire, am Orchestre d'harmonie de la Communauté Européenne, am Orchestre symphonique du Festival d'Echternach an am Orchestre symphonique des Jeunes de l'Union Européenne ënner der Direktioun vum Bernard Haitink. Als Solist ass de Marc och opgetrueden, ënner anerem mam Grand orchestre des Guides Belges, der Militärmusek (Produktioun vun enger CD), dem Latvian Chamber Orchestra, dem Ensemble Les Musiciens, dem Orchestre du Festival d'Echternach an och dem Orchestre Philharmonique du Luxembourg. Doriwwer eraus ass de Marc och Laureat vu verschiddenen internationalen Concoursen.

De Marc Meyers ass Professer fir Trombonn a Kammermusek am Stater Conservatoire an zanter dem 1. September 2011 ass hien och do Direkter.

Hien ass och Grënnungsmember vum Luxembourg Brass Ensemble, spillt a verschiddenen Instrumentalgruppe mat an trëtt reegelméisseg als Solist op, an ass op enger CD mat barocken Originalwierker fir Trombonn ze héieren.

De Marc Meyers ass zanter dem 24. Mäerz 2021 Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[1]

Hien ass Kandidat op der DP-Lescht am Südbezierk 2023.

CD[änneren | Quelltext änneren]

  • TrombonenuasoP - Concertos pour trombone, bei Abeille Music Distribution erauskomm (VMS108)
  • Flight of the Bumblebee, bei Linster Studios eräuskomm (LIP CD96)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Meyers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (2023-05-24). Gekuckt de(n) 2023-08-16.