Henri Schnadt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri Schnadt
Gebuer 30. Mee 1909
Rëmeleng
Gestuerwen 9. Abrëll 1973
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur


Den Henri Maurice Schnadt, gebuer den 30. Mee 1909 zu Rëmeleng a gestuerwen den 9. Abrëll 1973, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

No senge Secondairesstudien zu Stroossbuerg an zu Esch-Uelzecht goung hien op Paräis op d'École centrale des des arts et manufactures wou e Mathematik, Physik an Technologie studéiert huet. 1933 krut hie säin Diplom als Ingénieur spécialisé dans les constructions mécaniques et métalliques. Dat selwecht Joer huet hie sech mat der Angèle Tissen, der Sëschter vum Moler Foni Tissen, bestuet. D'Koppel krut zwéi Bouwen.

No engem Volontariat bei der Arbed an enger Aarbecht bei Arcos zu Bréissel huet hien ë. a. bei der Arbed an der Hadir geschafft. Zu där Zäit huet hie seng éischt Aarbechten iwwer Problemer bei der Stolveraarbechtung verëffentlecht, absënns wat d'Problematik vum Schweesse vum Metall bei héijen Temperaturen ugeet.

Nom Zweete Weltkrich huet hie geschäftlech Relatioune mat der Schwäiz geknëppt an huet als Ingénieur-conseil bei der Arméi an der Bunn geschafft.

Hien ass den 9. Abrëll 1973 un Häerzversoe verscheet.

Als Undenken un den Henri Schnadt gouf op der Cloche d'or an der Stad eng Strooss no him genannt: d'Rue Henri M. Schnadt (L-2530).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]