Ira Sprague Bowen

Vu Wikipedia
Ira Sprague Bowen
Gebuer 21. Dezember 1898
Gestuerwen 6. Februar 1973
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Oberlin College
Aktivitéit Astronom, Physiker, Astrophysiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

Den Ira Sprague Bowen, gebuer den 21. Dezember 1898 zu Seneca Falls, New York, USA, a gestuerwen de 6. Februar 1973, war en US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

1919 huet de Bowen den Oberlin College erfollegräich ofgeschloss an ass op d'University of Chicago gaangen. Hien huet do zesumme mam Albert Abraham Michelson studéiert an 1926 säi PhD gemaach.

1927 huet de Bowen entdeckt, datt dat hypothetescht Element Nebulium kee cheemescht Element ass. Hien huet dofir d'ultraviolett Spektre vun héichioniséierten Atomen ënnersicht a seng Erklärung vun den net identifizéierte staarke grénge Spektrallinne war déi vun de verbuedene Linne vu Sauerstoff a Stéckstoff. Déi triede virun allem an interstellare Gas- a Moleküllwolleken op.

De Bowen war vun 1948 bis 1964 Direkter vum Mount Wilson-Observatoire a vum Palomar-Observatoire.

Zu sengen Éieren ass e Moundkrater genannt ginn, geneesou wéi een Asteroid 3363 Bowen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Noruff[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]