Vishnuismus

Vu Wikipedia

De Vishnuismus(vereelzt: Wischnuismus) ass eng vun den dräi Haaptrichtunge vum Hinduismus (nieft dem Schiwaismus an dem Schaktismus), déi als héchst Wiesen a Gottheet de Vishnu unhuelen, där all aner Gëtter ënnergeuerdnet sinn. De Vishnuismus ass e monotheistesche Glawen.

Am Vishnuismus kënnt de Vishnu an zéng verschiddenen Inkarnatiounen op d'Welt zeréck, fir se ze retten. Déi zéngt Inkarnatioun ass nach um Kommen.

De Vishnuismus ass eng Form vu Relioun, déi op Andacht baséiert, an de Wee fir erléist ze ginn ass de Bhakti, dat Sech-Higinn un de Vishna oder un eng vu sengen Inkarnatiounen, wéi de Krischna oder de Rama. Dat Sech-Higinn mat Léift geet duer fir eng Erléisung vum Net-Wëssen (Avydia). Eng Form vu Gnopsis wéi am Yoga oder Tantra ass net néideg.

D'Wuerzele vum Vishnuismus reeche ganz wäit zeréck a schonn an der Bhagavadgita gëtt de Bhakti-Yoga als ee vun den dräi Weeër ernimmt fir erléist ze ginn.

E puer vun deene bekanntste Vishnu-Gleewege waren den Dichter Kabir, den Dichter Tulschidas oder de Mahatma Ghandi.

Am 20. Joerhonnert ass de Krishna-Kult vum Chaitanya, dem Gaudiya Waischnawa-Glawen, ënner dem Numm "Krishna-Bewosstsäin" international bekannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vishnuismus – Biller, Videoen oder Audiodateien